Nei Emissioun Shredden a Moshen um 100,7

Vum 8. Januar u moderéiert den David Wagner d'Emissioun "Metal Meltdown". Um Freideg Owend kritt d'Metal-Zeen domat ee Forum um ëffentlech-rechtleche Radio. Dofir ginn et gutt Grënn.

Yves Stephany

David Wagner
David Wagner

Ausverkaafte Concerten, eng gutt organiséiert Zeen, all Mount nei Verëffentlechungen: Metal ass zu Lëtzebuerg sou populär wéi nach ni. Dofir war et evident, datt de radio 100,7 dëse Genre a seng villsäiteg musikalesch Offer misst ophuelen. Den David Wagner ass vum Januer un d'Stëmm, déi duerch d'Emissioun "Metal Meltdown" féiert. De Rendezvous fir Fans a Virwëtzeger ass freides owes um 21 Auer. Am Gespréich erkläert hien d'Konzept vun der Sendung.

Metal Meltdown

"Virun allem gëtt natierlech Metal gespillt. Et ass eng Première zu Lëtzebuerg, datt op engem professionelle Radio Metal lafen däerf. Dorop sinn ech ganz houfreg, datt ech dat ka maachen." De Fokus läit ganz kloer op Lëtzebuerg: Neiegkeete vun de Bands, Concerten an Evenementer, CD-Releasen, Gespréicher mat Museker a Promoteuren a villes méi steet bei "Metal Metldown" op der Affiche. Donieft wäert et och Tickete fir Concerten ze gewanne ginn.

Stilistesch wëll hie sech net op eenzel Metal-Stiler beschränken, mee déi ganz Palette vum haarde Regëster ofdecken. "Et gëtt wéineg an deem ganze Metal-Universum, wat schlecht ass. Ech wäert och Saache spillen, bei deenen d'Leit driwwer streiden ob et nach Metal ass, oder net."

Den Insider

Den David Wagner ass och selwer als Museker aktiv. Zanter 2013 spillt hie bei "Desdemonia" Gittar. D'Band huet Kultstatus. Uganks den 90er Joere ware si Pionéier vum Genre am Grand-Duché.

Duerch seng Aarbecht bei Eldoradio an RTL koum hien a Kontakt mat der Lëtzebuerger Musekzeen. "Ech war zwar schonn ëmmer Metal Fan, awer eréischt um Radio sinn ech gewuer ginn, datt et och sou vill gutt Musek hei zu Lëtzebuerg gëtt."

Den David Wagner schätzt, datt et eng 40 bis 50 aktiv Gruppen am Metal-Beräich zu Lëtzebuerg gëtt. Et ass erstaunlech, datt an engem räiche Land sou vill Museker d'Roserei zelebréieren. "Vläicht geet et eis awer ze gutt, an doduerch entstinn aner Onzefriddenheeten", mengt den David Wagner. Et wär awer immens einfach zu Lëtzebuerg, fir eng Band ze hunn. Proufsäll a Material wären einfach ze kréien, an et géif immens vill Plazen, wou ee kéint optriede.

Op der Facebook-Säit vu Metal Meltdown ginn et weider Informatiounen zu der Emissioun: https://www.facebook.com/MetalMeltdownLuxembourg

Lauschtert dee ganzen Interview mam David Wagner:

Méi zum Thema

FullSizeRender.jpg
Musikalesch Visitekaart: Patricia Lippert

D'Patricia Lippert huet eng Playlist mat an de Studio bruecht, déi vu franséischer Chanson, iwwer däitschen Humor bis bei de lokale Metal reecht.

Scarred
Metal

D’Death-Metal Band “Scarred” wäert Lëtzebuerg am Januar 2016 beim Eurosonic Festival vertrieden. D’Manifestatioun ass ee vun deene wichtegste Rendezvouse fir den europäesche Museks-Marché.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen