Shocking Blue - At Home (1969) Grell Blo

Shocking Blue war eng hollännesch Rockband, gegrënnt 1967 zu den Haag. Hir bekanntste Contributioun zum 70s Pantheon vun Hitsingle war "Venus", e Lidd dat duerch eng genee esou erfollegräich Coverversioun vun der Girlband Bananarama an den 80er Joren nach een zweet Liewe sollt kréien. Mee nach een anere Song vu Shocking Blue kéinten zumindest d'Indie-Rocker ënner Iech nach kennen, "Love Buzz", ee Song, deen Nirvana sech op hirer éischter Plack gezoppt haten.

Marc Clement / cz

Nationaal Archief - shocking blue

Déi zwee Lidder sinn op der reeditéierter CD Versioun vun dësem Déjà Vu Album ze fannen, deen den einfachen Titel "At Home" dréit. "Venus" war 1969, viru genee 50 Joer also, just als 45 Tours ze kréien, wat deemools heefeg war, mee gouf an der selwechter Sessioun opgeholl wéi den Album. Op deenen zwee héiert ee schéi vir a schéi kloer, déi expressiv Stëmm vun der Mariska Veres, déi e wéineg un déi vun der Signe Toly Anderson vun Jefferson Airplane erënnert, an dach eng aner, méi héich Energie a sech dréit. Bal schonn e bësse frech, an am Allgemengen zimmlech frësch. Songwriter bei de Schocking Blue war de Gitarrist Robbie van Leeuven, ee vun de Pappe vun der Nederbeat-Beweegung. Schonn dat Joer virdrun, 1968, hate Schocking Blue mat "Send Me a Postcard" e klengen internationalen Hit gelant, deem säin Text iwwregens de spéidere Roxette-Mann Per Gessle geschriwwen hat. Psychedelesch war dat Ganzt wuel, mee vu Bands wéi Jefferson Airplane differenzéiert duerch ee méi knackegen, poppege Songopbau an e Sound, dee vill méi Blues a Country a sech gedroen huet.

Rhythmus: present

Et wier méi wéi ongerecht, Shocking Blue hir Qualitéiten als Band an als Interpreten vun hiren eegene Songs ze ënnerschätzen, just well dës dacks flott gecovert goufen. Der Shocking-Blue-Versioun vu "Love Buzz" feelt et op jiddwerfalls weder u Bëss, nach u Groove. Iwwerraschend minimalistesch iwwerhëlt d'Bass e repetitive melodesche Part, wärend Zitar-änlech Akkorde vun der Gittar e rhythmesche Contrepoint setzen. Et ass de Gedankekrees vun der Obsessioun, deen hei duerchliicht a vun der Sängerin mat Vibrato a microtonale Glides matgedroe gëtt. Iwwerraschend modern, dat Ganzt, fir 1969.

Psychedelescht Europa

Shocking Blue haten also 68 an 59 hir éischt Chart-Singles, ënner anerem "Venus" an "Never Marry A Railroad Man", déi a ville Länner weltwäit en Top Ten Hit waren. Befligelt vun engem Wand vu Succès ware Shockung Blue beim Schreiwe vun "At Home" grouss a Form, konnte sech Zäit huelen, an hire Label Pink Elephant konnt sech et eppes kaschte loossen.

Den Album kënnt zu engem wichtege Moment an der Museksindustrie - deem vu fortschreidender Globalisatioun. Wärend an de 60er nach national Zeenen hir dacks verschidde Stiler an Talenter gefleegt hunn, an dës mat iwwersaten Titelen oder als Coversongs fir lokal Artisten exportéiert hunn, bréngt de Psychedelic Rock, opbauend op den internationale Succès vu Beatles, Stones a Konsorten, fir d'éischt ganz Europa ënner ee musikaleschen Hutt. No an no geselle sech zu de Kinks, Pink Floyds an Jefferson Airplanes vun dëser Welt och d'Outsiders a Shocking Blue an Holland, Steppeulvene aus Dänemark, Aphrodite's Child aus Griicheland, Ange aus Frankräich an eng ganz däitsch Zeen ronderëm Tangerine Dream an Amon Düül.

Knackeg am Plaz epesch

Shocking Blue hunn nach vill vun der Energie vun de Sixties an hirer Musek a kultivéiere Beatles-Revolver-Ära Popformater mat occasionellen Zitaren a klenge psychedeleschen Envoléen. Mee näischt Epesches. Praktesch all Song huet dofir awer een ustiechende Rhythmus, e minimalistesch-knackegen Opbau, an déi néideg Plaz fir der Mariska Veres hir Magie an der Interpretatioun. De schloende Puls vun der Musek an déi eenzegaarteg Kraaft a Coolness vun der Stëmm erginn zesummen ee Cocktail, deen d'Bee wibbeleg mécht. Datt "At Home" als Rockalbum zu deene grousse gehéiert a kriminell ënnerschätzt ass, weisen och manner bekannten a méi konventionell Rock'n Roll Nummere wéi "Fireball of Love".

Haut da gi Shocking Blue no an no erëmentdeckt. "Déi Aart a Weis wéi der Mariska Veres hir Deklamatioun d'Maueren zum Ziddere bréngt, gëtt nëmmen eng kleng Iddi vun deene Wonner, déi ee ka fannen, wann ee sech méi déif op Shocking Blue hiert Wierk aléisst." Schreift zum Beispill de Blog Pop Matters iwwer dësen Déjà Vu Album. A weider: "Anescht wéi Jefferson Airplane gi si ni angeberesch mat diffuser Experimentatioun oder epeschem Songwriting. Am Plaz produzéiert d'Band pseudo psychedelesche Knätschgummi, mat all där Gefällegkeet, déi ee sech vu Katz a Kasenetz oder Mike Chapman Produktiounen erwaarde géif."

Knackeg, matrappend a mat Suchtpotenzial also.

Schwéier Shocking Blue net op hir kurveraich Sängerin mat der teutonesch-definitiver, liicht distanter Intonatioun an deem klischéiert-äisege Sex-Appeal ze reduzéieren. Net nëmmen ass de Robbie van der Leeuven ee verkannte Bijoutier vu feinen a staarke Pop-Hooks, mee och de Bassist Klassje van der Wal an de Batteur Cor van der Beek assuréieren eng herrlech Rhythmussektioun, déi d'Blutt zum Pompele bréngt a soss ganz fräi vu Pomp bleift. Al-Häre Filz à la Pink Floyd ginn et hei keng, et geet am Fong nëmmen an eng Richtung: no vir.

An der Mediathéik:

Déjà Vu / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

London Calling
Déjà Vu: The Clash - London Calling

The Clash kennt een haaptsächlech vun der drëtter Studioplack "London Calling" un. D'Karriärufäng vun The Clash waren onzertrennlech mat der Punkbeweegung verbonnen. An déi hat och eng politesch Dimensioun.

COMA
COMA - Voyage Voyage

Um Programm vu COMA steet e lëftegen Trip duerch d'Landschafte vum Indie-Electro a méi Club-orientéiertem Pop, dee weder ze seicht nach ze kapplaaschteg ass. "Voyage Voyage" ass eisen Album vun der Woch.

Programm

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Un(e) rédacteur(rice) web

    Webjournalist

    L'Etablissement Public de Radiodiffusion Socioculturelle recrute, pour entrée immédiate ou à convenir, Un(e) rédacteur(rice) web sous contrat à durée déterminée pour une durée de 12 mois et à temps plein.

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen