Radioen

On air

Notturno  |  Treasure Chest At The End Of The Rainbow - Snake Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Musek muss ënner d'Haut goen"

Musikalesch Visittekaart

"Musek muss ënner d'Haut goen"

Déi däitsch-lëtzebuergesch Schauspillerin, Sängerin, Songwriterin a Komponistin Sascha Ley ass op ville Bühnen doheem: Theater, Film an a Concertssäll. Musikalesch spazéiert si am allerléifsten op onkonventionelle Weeër, orientéiert sech um Jazz, dem imaginäre Folklor an och der zäitgenëssescher Musek. Dat spigelt sech och an der Playlëscht erëm, déi si mat an de Studio bruecht huet.

auto_stories

6 min

Brecht, Weil, Lotte Lenya: Den éischten Titel op der Sascha Ley hirer Museklëscht weist de Wee. Et ass kee gängege Kascht ,fir dee si sech entscheet huet. "Ech si méi fir dat Onkonformt", seet si, Musek misst wouer kléngen, mat Glamour an Eleganz kéint si net allze vill ufänken.

Wat Musek fir d’Sascha Ley bedeit? Musek wier vu Kand u present gewiescht, schonns ganz fréi hätt si doheem Ray Charles a vill Jazz héieren. "Musek muss mech duerchfluten", stellt si fest. Musek misst ënnert d’Haut goen. Si däerf och roueg iwwerraschen. Musek géif hir d’Gefill, an der Welt ze sinn a si léisst sech och gär vun hir a Beschlag huelen.

Liblingsstécker erauszesiche fir d’Emissioun wier net allze schwéier gewiescht, als Musekpassionnéiert hätt si onmoosseg vill Titelen an der Kopp, déi hir gefalen. Fir si dierft d’Musikalesch Visittekaart roueg e puer Stonnen daueren, u Lidder, déi si begeeschteren, sollt et do net feelen.

Kritesch Konsumentin

D’Sascha Ley ass sech bewosst, datt d’Museksbranche net méi déi selwecht ass, wéi nach viru Joren. Si gesäit sech schonns an enger méi spezieller Situatioun mat hirem Genre ("eng Niche an der Niche"). Puriste soen, et wier keen Jazz, anerer schonns. Mee Musek bräicht net onbedéngt eng Etikett als Identitéit.

Dem digitalen Zäitalter steet si éischter skeptesch géintiwwer, arrangéiert sech awer mat him. D'Sascha Ley keeft nach regelméisseg LPen an huet och léiwer e Buch oder eng Zeitung aus richtegem Pabeier am Grapp, wéi en e-book. Flott verpaakt, speziell opgemaach, do géif si gär e puer Euro méi derfir ausginn.

An hirer Musek ass Improvisatioun e feste Bestanddeel. "Ech hunn dacks en Thema am Kapp, fänke mol un, duerno versichen ech ze strukturéieren"’. Si seet: "Der Weg ensteht, indem man ihn geht". Den heitegen Nolauschterer hätt et net ëmmer liicht, wëll d’Musekindustrie e groussen Impakt op de Marché hätt an op dat, wat ugebuede gëtt: "Mir si keng Bierger méi, mee Konsumenten". Dës Feststellung geet beim Sascha Ley iwwert d’Musek eraus: Och am Dagdeegleche misst ee sech wieren, net alles hinhuelen.

Musek a Politik

Als Kënschtler dierft een dobäi roueg d’Fangeren an d’Wonn leeën a Mëssstänn beim Numm nennen, ouni awer wëllen ze beléieren. Si selwer wier "kritesch a kriddeleg", et wier schwéier am Moment, ëmmer optimistesch ze sinn, Villes géif "schif" lafen, och déi riets politesch Tendenze wäre Grond, fir beonrouegt ze sinn.

Als Mënsch an als Kënschtler op der Bühn, versicht si "u Gefiller an un de 'common sense'" z’appelléieren. Et misst een de Mënschen eppes bäibréngen, si fir eppes begeeschteren. Ob si selwer géif an d’Politik goen? "Ech kréien a mengem Entourage dovunner ofgeroden", mengt si, dee konventionelle Wee wier net onbedéngt hiren.

"Ech si kee Muechtmënsch", analyséiert d’Sascha Ley sech selwer. Gutt Iddien hätt si schonns, besonnesch am Sozialen, mee an der Politik, der grousser an der méi klenger, géif regelméisseg iwwert de Kapp vun de Läit ewech decidéiert ginn. "Politik ass op dat Lukratiivt eraus" ass eng vun hire Conclusiounen.

Hir Wënsch fir d’Zukunft? Hire Wee weidergoen, "dat hält frësch", d’Welt a sech selwer weider entdecken. Kreativ bleiwen, wier do abegraff, géif sech praktesch vum selwe verstoen.

D’Playlëscht vum Sascha Ley:

  • Die Ballade vun der Höllenlili (Lotte Lenya)
  • Introit (Francesco Schlimé)
  • Ghosts (David Syvian with Japan)
  • Chuncho (Yma Sumac)
  • So Tender (Shelley Hirsch)
  • Alladin Sane (David Bowie)
  • Lonely House (Abbey Lincoln)
  • Sexy MF (Prince)