De Sound ass wéi beim Carlos Santana gewinnt: waarm a ronn. E rullt a fléisst, ouni allze vill Ecken a Kanten. An de Lidder eng markant Stëmm, eng fett Uergel, d’Soli op de Gittare propper an d’Percussiounen als Afro-Latino-Teppech. D'Equippe besteet aus Museker, déi hiert Handwierk kennen.
Santana IV vun 2016 kléngt wéi Santana III vun 1971. Dem Fred Medernach no, hätten et vläit net onbedéngt misse 16 Kompositioune sinn. Déi 16 Lidder sinn all Eegekompositiounen an alleguer ouni iergendeng Iwwerraschung. Wou Santana drop steet ass 16 mol Santana dran. Munches ass repetitiv, déi eng oder aner méi poppeg Nummer ass Konzessioun un den Zäitgeescht. Esou ass awer och d’Gléck vun all Fan vum 'gudden ale Santana-Sound' net kleng.