Margaret Glaspy - Devotion Säfteg Loops, wujeleg Synthien a vill elegant Pop Hooks
Op hirem éischten Album "Emotions & Math" hat d'Margaret Glaspy mat réie Gittar-gedriwwene Lidder am Trio Format iwwerzeegt. D'Kalifornierin - Joergang 89 - schléit elo op hirem fusch-neien Disk "Devotion" en anere Wee an. E couragéise Schrëtt Richtung Onbekannt. Enttäuscht gëtt een net, fënnt den Jamie Reinert.
D'Margaret Glaspy ass definitiv méi Pop wéi op hirer viregter Release "Emotions & Math". Hir knackeg Telecaster huet d'Madamm am Eck gelooss. Ënnerdriwwe Synthien an Effekter ginn déi Kéier op der neier Scheif mat vill Léift agesat. Mee si ass nach ëmmer esou direkt, wéi ee si kennt.
Ee Paradigmewiessel, dee mat vill Erfolleg ausgeféiert gouf. E couragéise Schrëtt Richtung Onbekannt oder Onerfuerscht. A fir d'Margaret Glaspy heescht dat virun allem eng musikalesch Welt ouni vill Gittar. An dobäi ass déi talentéiert Gittaristin mam Jazz-Gittar Genie Julian Lage amouréis liéiert.
Haaptthema: d'Léift
Vläicht huet dat sechs-säitegt Instrument an hirem Liewen einfach ze vill Iwwerhand geholl. Wie weess. Op alle Fall schéngt d'Kalifornierin an dëse méi Keyboard-gedriwwene Klanglandschaften zimmlech à l'aise ze sinn. D'Margaret Glaspy ameséiert sech mat säftege Loops, wujelege Synthien a villen elegante Pop Hooks.
Léift steet thematesch am Mëttelpunkt. Déi onschëlleg verdreemten Zort, déi réi a knaschteg Variant, passionéiert Frustratioun, Libeserklärunge fir d'Éiwegkeet an absolut Verzweiwlung. D'Margaret Glaspy setzt déi verschidde Facette musikalesch an textlech an de Kontext, an dat unhand vu séissem Soul, eckege Beats, subtiller Elektronik a ville waarmen organeschen Texturen. Fir eng Plack, déi esouvill Emotionalitéit ofdeckt, ass "Devotion" duerchduecht a koherent. D'Singer-Songwriterin verféiert mat hirer liicht raucheger a frecher Stëmm, déi een ëmmer direkt ze adresséiere schéngt.
Eng koherent Plack
Déi Koherenz vun "Devotion" huet och villes dem Produzent Tyler Chester ze verdanken. E Museker, dee fir seng Aarbechte mam Jackson Browne, Andrew Bird oder och Blake Mills bekannt ass. Waarm sonneg Kläng, ob analog oder akustesch, goufe lackeleg um Album kombinéiert a bréngen der Margaret Glaspy hir klassesch an dach ëmmer nees iwwerraschend Akkord-Progressiounen zum Liewen.
Hiren zweeten Album ass eegenen Aussoen no manner moraliséierend an allwëssend wéi hiren Debut. D'Musekerin fäert net, sech op "Devotion" vun hirer méi vulnerabeler Säit ze weisen. Si huet sech musikalesch a konzeptuell der Ongewëssheet ausgesat an ass domat iwwer sech selwer erausgewuess.