Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ryvage: "Ech a meng Maschinnen"

Elektronesch Musek

Ryvage: "Ech a meng Maschinnen"

De Samuel Reinard lancéiert een neie Solo-Projet. "Ryvage" ass progressiv elektronesch Musek, déi aus dem Bauch eraus entsteet. D'Kompositiounen dréinen ëm Kontraster, Spannungen an Trance.

auto_stories

2 min

Ryvage géif déi Plaz bezeechnen, wou Flësseg a Fest openeen treffen, seet de Samuel Reinard. "Dat ass eng Grenz, déi sech permanent verännert." Seng Kompositioune géife mat Kontraster an Differenze funktionéieren. Mat Héichten an Déiften, Hell an Donkel, mat Atmosphären, déi sech séier ofwiesselen.

Fir de Projet "Ryvage" huet de Museker sech just elektronesch Mëttelen zur Verfügung gestallt. "Et si Song-Strukturen enstanen, déi heiansdo bësse progressiv sinn. U rengen Elektro-Kompositioune fannen ech dat Trance-Ähnlecht oder Tribalescht interessant." Duerch dat Repetitiivt géif een iergendwann säi Bewosstsinn ausklinken an an eng Zort Tunnel kommen. "Ryvage" géif dës elektronesch Approche mat Song-Arrangementer vermëschen, sou géif eng Spannung entstoen.

Fräiheet a Risiko

Den Ausgankspunkt vu senge Kompositioune kéinte ganz verschidden Elementer sinn, seet de Samuel Reinard. "Wann ech eng fest Iddi am Kapp hunn, kënnt normalerweis eppes Anescht eraus, oder et kléngt steril. Dëse Projet ass extrem Gefill-baséiert. Och wann et mat verhältnisméisseg informateschen a synthetesche Mëttele gemaach ass."

Par Rapport zu sengem anere Projet "Wallace Dice" wier Ryvage méi fräi. An et wier méi Risiko dran, et kéint bei der Live-Interpretatioun méi schif goen. "Dat hunn ech ganz spezifesch gesicht", seet de Museker. "Et ass och méi eng live Performance. Zum Beispill sangen ech bei verschiddene Stécker duerch ee Vocoder."

Deen éischten Track vu "Ryvage", "Mountains and Valleys", ass elo online. Dëse Mëttwoch, den 10. Mee ass deen éischten Concert vum neie Projet an de Rotondes.

Ryvageplay_arrow