Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ryvage dréint Them Lights duerch de Synth-Wollef

Premiere: Rework vu Yesterday

Ryvage dréint Them Lights duerch de Synth-Wollef

Düster a kal Synthesizerkläng wéckelen eng fragil Stëmm an, am neie Ryvage Rework vu Yesterday vun Them Lights. Déi zwee Produzenten a Museker kenne sech scho laang. Deen neien Track kéint den Ufank vun enger méi konsequenter Kollaboratioun sinn.

auto_stories

3 min

De Ryvage Rework vum Them Lights-Song "Yesterday" wier deen éischte vun enger ganzer Serie vu Remixen a Reworken, erkläert de Sacha Hanlet. Hien hätt seng Liblingsartiste kontaktéiert, fir Versioune vun deenen dräi Tracks ze maachen, déi hie bis elo als Them Lights verëffentlecht hätt.

"Wéi de Sach mech gefrot huet, ob ech iergendeen Track wéilt remixen, hunn ech direkt u 'Yesterday' geduecht", seet de Samuel Reinard. D'Melodie an den Text hätten hie scho beim Original immens beréiert. De Song géif sech mat Theemen auserneesetze wéi Memoire an d'Laascht vum Passé. "Déi Dämonen, déi een ëmmer sou mat sech schleeft."


"Yesterday" ass vun e Freideg u via dëse Link ze kréien


Fir de Rework huet de Samuel Reinard just d'Stëmm vum Original benotzt, an en neien Track ronderëm gebaut. Hie géif léiwer eppes Neies proposéieren, wéi de Sounddesign vun engem originale Wierk opzegräifen an ze veraarbechten. Op dës Manéier zum Beispill war och schonn de ganz reusséierte Rework vun "Heart And Soul" vun Ice In My Eyes entstanen.

"Bis elo hunn ech ëmmer de Fokus, een Haaptelement an engem Song gesat, an da gekuckt, wéi eng Gefiller a Visiounen triggert dat Element bei mir", seet de Samuel Reinard. Hie géif dat als Ausgangspunkt huelen, an enger vager Iddi nogoen. "An da klappt et oder net. Bei deem hei Rework hunn ech eng éischt Versioun gemaach, déi mir net gefall huet, déi hunn ech ganz ewech gehäit. An dunn hunn ech eng zweet gemaach."

Zukunftsmusek

De Sacha Hanlet wéilt net um kreative Prozess vun deenen anere Produzente bedeelegt sinn, seet hien. "Ech ginn et an engem anere seng Hänn, an ech wëll wierklech iwwerrascht ginn - vu vir bis hannen. A wann et mir net gefält, ass dat eigentlech och Pech fir mech."

Déi zwee Produzente wieren och amgaang un engem gemeinsame Projet ze schrauwen. Et wier just eng Fro vun der Zäit, bis ee mat enger Kollaboratioun kéint rechnen.

Ryvage an Them Lights am Video Call

Mëtt Abrëll wäert och Ryvage eng EP erausbréngen, mat Versioune vu sengen eegenen Tracks, déi vum Pascal Schumacher, Céhashi an DJ USA reinterpretéiert, respektiv duerch de Fleeschwollef gedréit goufen.

Them Lights wéilt dëst Joer ganz vill Songs erausbréngen. "D'Zil ass, datt dëst Joer all Mount een neien Track, an och nach eng EP erauskënnt", seet de Sacha Hanlet. "Ech hunn eng 25 nei Songs geschriwwen."


Dat ganzt Gespréich mam Samuel Reinard a Sacha Hanlet

Lauschterenplay_arrow