An der Mediathéik Russesch Sinfonik mam OPL
Prokofjew a Schostakowitsch sinn zwee Protagoniste vun der russescher Musek am 20. Joerhonnert. Leschte Freideg (17.01.2020) hunn d'Geiistin Baiba Skride an de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg ënner der Direktioun vum Jukka-Pekka Saraste Wierker vun hinnen zu Lëtzebuerg an der Philharmonie interpretéiert. De Concert kënnt Dir hei nach bis de 24. Januar 2020 nolauschteren.
Déi lettesch Geiistin Baiba Skride, Laureatin vum renomméierte Concours Reine Elisabeth am Joer 2001, ass haut eng vun deene beschten an hirem Fach. Dat gëllt och fir de finneschen Dirigent Jukka-Pekka Saraste, laang Jore Chefdirigent vum WDR-Orchester zu Köln. 1996 hat de Jukka-Pekka Saraste säin Debut mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. Um Programm stinn dem Sergei Prokofjew säin zweete Geieconcerto an dem Dimitri Schostakowitsch seng aacht Sinfonie.
- 00:03:24 - Serguei Prokofjew: Concerto fir Gei an Orchester Nr. 2
- 00:33:21 - Bis
- 00:37:20 - Pausegespréich mat der Geiistin Baiba Skride
- 01:04:05 - Dimitri Schostakowitsch: Sinfonie Nr. 8