Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ronnie Foster - Mystic Brew

Sample vun der Woch

Ronnie Foster - Mystic Brew

"Mystic Brew" war um Album "Two Headed Freap" (1972) vun engem vun de gréissten Organiste vun der Soul-Jazz Beweegung Enn 60er bis Ufank 70er Joren. De Bobby Bieles huet sech op d'Sich gemaach, wien dat gesampelt huet.

auto_stories

2 min

"Mystic Brew" war um Album "Two Headed Freap" (1972) vun engem vun de gréissten Organiste vun der Soul-Jazz Beweegung Enn 60er bis Ufank 70er Joren a koum 1972 bei Blue Note Records eraus. Dëse kultesche Museker besetzt eng grouss Fangemeinschaft, besonnesch fir säin éischten Album: E war e Meilesteen fir all Cratedigger, speziell fir seng Funk-inspiréiert Melodien.

Vill Leit hunn dëse Groove gesampelt, dee virun iwwer 40 Joer geschriwwe gouf. D'Lidd fänkt fir d'éischt mat enger legendärer Bassline un, dem Foster seng Uergel an de Vibraphon kommen eréischt e bësse méi spéit am Lidd eran. Déi meescht Sampele begrenze sech op déi zwee éischt Deeler vun dësem Lidd.

Déi bekanntsten Utilisatioun vum Sample ass warscheinlech vun A Tribe Called Quest op hirem Lidd "Electric Relaxation". Dat war op hirem drëtten Album "Midnight Marauders", deen 1993 erauskoum. D'Produktioun ass vun Q-Tip. D'Lidd gouf anscheinend an enger Nuecht produzéiert an opgeholl. Déi zwee Rapper Phife Dawg an Q-Tip hunn op dësem Lidd Texter jeeweils ee fir deen anere geschriwwen.

Eng aner Utilisatioun vum Sample ass vun der kanadescher Band BadBadNotGood. Et ass net wierklech e Remix - et ass eng Live Opnam vun engem Cover vum Instrumental vun "A Tribe Called Quest". D'Lidd beschränkt sech op déi dräi Haaptinstrumenter mat vill Improvisatioun um Enn, notamment mécht den Drummer e Solo op eng hallef voll 40 oz Béierfläsch.

Een aneren, deen de Sample ganz effikass benotzt huet, ass den Madlib natierlech, mat sengem Lidd "Mystic Bounce". Et koum eraus op der Kompilatioun "Shades Of Blue" am Joer 2003 beim Label Blue Note.

Hie reduzéiert dem Foster säi Lidd op dat wesentlecht, an zwar just d'Bassline an de Vibraphon. Hien ënnermoolt dat Ganzt mat engem ganz charakteristesche Beat am Hannergrond.

Och den RnB-Sänger Jeremih huet de Ronnie Foster 2012 gesampelt, an zwar op sengem Lidd "Keep It Movin (Feat. Marcus Fench)". Dat war op senger "Late Night" Mixtape.

D'Produktioun ass vun Audio Unit. Hie liwwert hei eng sensuell halftime RnB Hymne.