Album vun der Woch Een engagéiert afrikanescht Wierk

Déi aktuell politesch Situatioun am Mali, der Sängerin Rokia Traoré hiirt Heemechtsland, an um afrikanesche Kontinent sinn d'Ausléiser vun engem nodenklechen a rouegen Album. Den afrikanesche Groove vum Virgänger ass wuel nach do, zitt sech dann awer zeréck zugonschte vun enger méi däischterer Stëmmung.

Fred Medernach, md

Rokia Traoré - Paris - 02/2013 © Mathieu Zazzo
Rokia Traoré (© Mathieu Zazzo)

So” heescht “doheem”. Oder Heemecht. De Mali ass d’Heemecht vum Rokia Traoré. Mat sengem Magnéit, der Haaptstad Bamako, wou der vill, wou Milliounen zesumme kommen an engem Land, dat regelméisseg viru Gewalt muss zidderen, wou d’Lach tëschent aarm a räich immens déif ass, wou ee muss Courage hu fir – sou d’Rokia Traoré - besonnesch als Fra dagdeeglech ze kämpfe géint politesch Mëssstänn a festgefuere gesellschaftlech Klischeeën.

So” ass een däitlech manner rockegen Album wéi säi VirgängerBeautiful Africa”. Den afrikanesche Groove ass wuel do, zitt sech awer regelméisseg zeréck. D’Stëmmung gëtt da méi däischter, méi nodenklech, d’Stëmm vun der Rokia Traoré dacks filigran a bal zerbriechlech, besonnesch wa si, wéi am Titelsong, vun deenen erzielt, déi kee “ So”, keng Heemecht méi hunn. Vun de Milliounen, déi net nëmmen an hirem Land, mee op hirem Kontinent op der Flucht sinn. Si séngt dësen Titel op franséisch, erreecht domadder ee méi breede Publikum.

Kritesch mee net ouni Hoffnung

So” ass en Album, deen engem d’Nolauschteren of verlaangt, deem seng Stëmmung Biller produzéiert, deen textlech de Fanger an déi eng oder aner Wonn leet. Ee Wierk, wou et awer och Hoffnung gëtt. “Aimer une vie l’on n’est pas toujours au centre de sa propre vie”, sou d’Rokia Traoré. Si ass sech bewosst, ee privilegiéiert Liewen ze hunn, wéilt dofir eppes zeréck ginn, motivéieren, oprëselen.

Fir déi sober an efficace Produktioun suergt den John Parish, deen ënnert anerem fir  d’PJ Harvey schafft. Gäscht um Album sinn de Led Zeppelin-Bassist John Paul Jones, den Devendra Banhart an d’Schrëftstellerin Toni Morrison. Ganz minimalistesch interpretéiert d’Rokia Traoré der Billie Holiday hireStrange Fruit”, ee Lidd iwwer Rassismus a Lynchjustiz an den USA. En Titel, deen op “ So” passt. Genee wéi “Tu Voles” – Flilleke fir an d’Lut ze goen, fir den Iwwerbléck ze kréien, fir ze sichen. Eng Zort “chasse au bonheur”. D’Gléck fannen: dat schéngt, op d’mannst fir de Mali, net onbedéngt evident.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Fred Medernach
Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen