"Ech si keen anere Mënsch ginn. Gewësse Facetten hu méi Raum kritt". Dat sot de Roger Cicero 2014 a Bezuch op seng Entwécklung zënter hie säin Album "Männersachen" (2006) verëffentlecht hat. Am Gespréich hat d'Nathalie Bender hien op de Stilwiessel ugeschwat, deen um Disque "Was immer auch kommt" (2014) festzestelle war.
Den Cicero war am Juli dat Joer zu Woltz, wou hie mat senger Big Band den Ofschloss vum Festival geséchert hat. Op der Bühn géif hien alles ginn, sot de Museker ënnert anerem - trotz der Opreegung, déi een "aus Respekt virun der Saach" do misst hunn. Duerno bräicht hien dann och Momenter, wou hie sech kéint zeréck zéien.
"Schunggréisst 42, ech liewen op klengem Fouss": firwat de Roger Cicero dat deemools sot, kënnt Dir am Gespréich mam Nathalie Bender nolauschteren: