Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rising Stars: E Podium fir jonk Museker

Philharmonie

Rising Stars: E Podium fir jonk Museker

Mam Optrëtt vum Aris Quartett den 12. Oktober 2020 steet deen éischte Concert aus der Serie Rising Stars an der Philharmonie um Programm. Dës Saison kréie sechs jonk Museker a Formatiounen d'Geleeënheet, net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee queesch duerch Europa opzetrieden. Dës Serie hätt an deene leschte Joren och fir d'Concerthaus um Kierchbierg u Bedeitung gewonnen, seet de Matthew Studdert-Kennedy, den Head of the artistic planning division vun der Philharmonie am Interview.

auto_stories

3 min

De Pascal Schumacher ass ee vun de Lëtzebuerger, dee bei der Serie Rising Stars participéiere konnt an domat d'Geleeënheet krut, an enger ganzer Rei europäesche Concertshaiser opzetrieden. Dat war an der Saison 2009/2010. D'selwecht war et 2015/16 bei der Pianistin Cathy Krier oder 2017/18 mam Perkussionist Christoph Sietzen. Allen dräi goufe vum Concertshaus um Kierchbierg fir dës Serie nominéiert.

"D'Philharmonie ass Member an enger Organisatioun vu Concertshaiser, déi ECHO (European Concert Hall Organisation) heescht", seet de Matthew Studdert-Kennedy. Dëst wiere ronn 20 Concertshaiser, déi all Saison eng Serie "Rising Stars" op d'Been stellen an esou fir jonk Museker an eng Tournée queesch duerch Europa plangen.

Keng Artisten, déi sech nach beweise mussen

E Bléck op den Agenda vum Aris-Quartett verréit, wéi konkret esou eng Tournée kann ausgesinn. 17 Optrëtter stoungen am Ufank vun der Saison um Programm vum jonken Ensembel. Déi gouf duerch de Covid allerdéngs e bëssen duerchernee gehäit. Dem Plang no soll et no Lëtzebuerg op Budapest goen, dann an d'Elbphilharmonie zu Hamburg an an de Concertgebouw zu Amsterdam. Weider Statioune sinn d'Philharmonie de Paris, d'Symphony Hall zu Birmingham oder och d'Wiener Konzerthaus.

Fir d'Serie géife keng Artisten erausgesicht, déi sech nach beweise missen. D'Konzept ass well am eegene Land etabléiert Museker an Ensembelen ze huelen, an déi dann um Internationale Plang ze presentéieren. E gutt Beispill dofir ass dës Saison déi brittesch Saxophonistin Jess Gillam. An England well als jonke Star bekannt, geet et elo drëms hir Karriär och am Ausland opzebauen, seet de Matthew Studdert-Kennedy.

"Dat sinn dacks Museker tëschent 25 a 35 Joer, déi nach am Ufank vun hirer Karriär sinn [...]. Ech denken, dat ass den Ament fir ze profitéieren. Net nëmme vun den Erfarungen op der Bün, mee och fir d'Direkteren an d'Auditeure vun deene Concertshaiser kennen ze léieren. Dës Geleeënheet muss een am richtegen Ament ergräifen."

Eng rar Oppotunitéit

Dëst ass eng rar Opportunitéit. Zwar gi pro Saison tëschent 15 an 20 Artiste vun de Concertshaiser nominéiert, dat eleng geet awer nach net duer fir an d'Serie opgeholl ze ginn. Aus deem Pool ginn duerch Diskussiounen eng Wal sechs Museker oder Ensembelen eraus gepickt. Dëst geschitt mam Bléck op d'Programmatioun vun der Saison.

"Mir kënnen net sechs jonk Pianisten optriede loossen, och wa mer der sechs hunn, déi fantastesch sinn. Mir mussen en Angebot fir de Public zesummestellen"

D'Bedeitung wiisst

An deem Sënn huet de Matthew Studdert-Kennedy och kee Concert aus der aktueller Saison, deen hie besonnesch ervirhiewe kéint: et wier de Mix, deen zielt. Am Laf vun deene leschte Jore wier dës Serie fir d'Philharmonie aus zwee Grënn ëmmer méi wichteg ginn. Engersäits wéinst der Qualitéit vun de jonke Museker, anerersäits wéinst hirem Courage Neies ze probéieren.

"Ech muss soen, datt d'Serie - zanter ech viru sechs Joer an d'Philharmonie komm sinn - ëmmer méi wichteg ginn ass. Et kommen ëmmer méi Leit an ech denken et ass richteg ze soen, datt d'Qualitéit vun de jonke Museker, déi mir haut op eise Büne presentéiere kënnen, wierklech onvirstellbar ass. [...] Ech géif awer och soen, datt déi jonk Artisten dacks Abenteurer sinn. Ech hu bei dëse Concerten net wéineg, fir mech onbekannt Stécker, kennegeléiert."

De Punkt vum neie Repertoire gëtt dann och an der Serie Rising Stars grouss geschriwwe gëtt. All Member soll en neit Wierk an Optrag ginn an et wärend der Saison presentéieren. Beim éischte Concert vun der Serie dës Saison ass et zum Beispill d'Wierk "in-side" vun der Misato Mochizuki.