Record Store Day Déi gutt al grouss Scheif
De 16. Abrëll ass den internationalen Dag vun de Vinylsscheiwen, a vun de Butteker, déi se verkafen: de Record Store Day. Déi gutt al grouss Scheif huet Succès, trotz neie Formater wéi Streaming. Si erlieft tatsächlech eng Renaissance.

Erfonnt gouf de Record Store Day an de Vereenegte Staaten: et ass op deem Dag wou d’Vinylsplack, an d’Butteker déi dësen zouverlässegen, wuelkléngenden an estheteschen Artikel verkafen, ganz besonnesch an Éiere gehale solle ginn. Wat konkret drop erausleeft, datt um 16. Abrëll speziell vill Musekstécker an deem Format erauskommen, also an den entspriechende Verkafsstellen zur Verfügung stinn, an dat Ganzt dacks och nach mat Live-Optrëtter, also Concerten aggrémentéiert gëtt.
Ouni Zweiwel: d’Vinylsplack ass in. Bei de Ventë ginn zënter enger Zäitche vu Joer zu Joer nei Rekorder verzeechent. Ma ganz besonnesch zelebréiert um Record Store Day sollen déi kleng, déi onofhängeg Plackebutteker ginn. Déi, déi Raritéiten ubidden, déi mat de klengen Oploen an duerfir ëm sou méi recherchéiert. Also Wuer déi een esou bei Amazon a Konsorten net géif fannen. Zum Beispill d’Limited Edition vum Filmlidd aus dem leschte Starwars-Film op enger entspriechend dekoréierter Plack.
Krämpes fir der grousser Demande nozekommen
Oder ee Live-Concert vu Metallica am Paräiser Bataclan aus dem Joer 2003. Dat trëfft sech gutt: déi véier Museker vu Metallica sinn nämlech och d’Parrainen vum Record Store Day 2016. Zënter der Grënnung vun dësem speziellen Dag hu Metallica ëmmer nees hierem Enthusiasmus fir Indie-Plackebutteker Ausdrock ginn. Hir Scheif nennt sech "Liberté, Egalité, Fraternité, Metallica!", gëtt released mat Hëllef vun engem Live-Concert an engem Plackebuttek an ass och geduecht als en Hommage un de Concertssall an d’Leit déi do am November d’lescht Joer hiert Liewe verluer hunn – de Verkaf ass un eng Charity-Aktioun a Frankräich fir d’Affer vun den Attentater gebonnen. An e soll natierlech och mathëllefen Brécken ze schafen tëscht Frënn a Frëndinne vu Musek a vu Vinylsplacken, dës- an déisäit vum Atlantik.
Net all Disken déi bei Geleeënheet vum internationalen Dag vun der Vinylsplack publizéiert ginn dierften ewechgoe wéi waarm Mëtschen. A fir sou ee klengen Indie-Plackebuttek besteet den Alldag och vill aus zéier Aarbecht, ebe well et och vill mat Ergattere vun 33- respektiv 45-Toure-Raritéiten ze dinn huet, fir déi een eng Onmass kleng Labelen uschreiwe muss. Iwwregens sinn net just Plackebutteker gefuerdert: och déi, déi déi Objeten hierstellen, also pressen, hu sou lues Krämpes fir der Demande déi ëmmer méi grouss gëtt nozekommen. Wat jo awer u sech eng gutt Saach ass.
Nei Formater keng Konkurrenz
Experte schätzen iwwregens an, datt d’Vinylsscheiwen an déi méi neiaarteg Formater wéi Streaming sech net géigesäiteg kannibaliséieren. Well dat eent trotz Boom awer eng Nische ass. Wann och eng déi sech grad entfaalt. E bësse vireileg war gemengt ginn, Uganks den 1980er, datt se hire Schwanegesank ugestëmmt hätt. Si géif komplett remplacéiert ginn duerch déi deemools revolutionär CD, déi jo viru genee 35 Joer op de Maart koum.
A wou ass déi elo drun? Leit déi et schätzen, wa se Musek lauschtere wëllen, och eppes Materielles an der Hand ze hunn, appreciéieren ëmmer méi wann dëst Materiellt eng schéi grouss schwaarz-oder faarweg Plack ass. An net sou een net wierklech attraktive sëlwerblénkege Rëndelchen vu schappegen 12 Zentimeter Duerchméisser. Nieft deene neie Publikatiounen op Vinyl feiert déi gutt al grouss Scheif och nach an engem anere Beräich en zweet Fréijoer, dat ass um Occasiounsmaart. Och deen ass wibbeleg.