Solistes Européens, Luxembourg "Réckbléck" an d'Zukunft

De Christoph König ass zënter siwe Joer Chef vun de Solistes Européens, Luxembourg. An där Zäit huet hien den Orchester vum klassesch-romantesche Repertoire an eng méi ongewinnte Programmatioun gefouert.

Manuel Ribeiro / cbi

Christoph König.jpg
Christoph König, Chef vun de Solistes Européens Luxembourg

Den Dirigent Christoph König hat nach ëmmer eng glécklech Hand fir originell Programmer zesummenzestellen, bei deenen - op den éischte Bléck - d'Wierker oder d'Komponisten näischt mateneen ze di schéngen ze hunn. Kuckt ee sech allerdéngs d'Thema vum Concert un an analyséiert een déi eenzel Wierker méi genee, dann hunn d'Concertsprogrammer eng reell an interessant Kohärenz.

Béimesch a chinesesch Volleksmusek

Den éischte Concert vun der Saison war "China meets Europe" iwwerschriwwen. Chinesesch Kompositioune fir Guzengh Solo oder mat Sträicherbegleedung stoungen um Programm. Mä och Stécker vum Boris Blacher a vum Antonín Dvořák.

Den däitsche Komponist Boris Blacher gouf a China gebuer an huet een Deel vu senger Kandheet do verbruecht. Déi aacht Symphonie vum Dvořák huet à priori och näischt mat China ze dinn. Mä well hien op bestëmmt Strukturen aus der Volleksmusek zréckgräift, fënnt ee schëtzeg e Lien tëscht villen traditionelle Museken uechtert d'Welt - och tëscht der béimescher an der chinesescher Volleksmusek.

An esou zitt sech e roude Fuedem duerch déi aner Concertsprogrammer vun de Solistes Européens, Luxembourg. Dem Directeur musical Christoph König ass et wichteg, de Public mat Neiem, Ongewinntem a mat interessante Solisten z'iwwerraschen.

Verlängerung bis 2019

Viru Kuerzem huet de Christoph König säi Kontrakt mat de Solistes Européens, Luxembourg bis un d'Enn vun der Saison 2018/2019 verlängert. Fir de fréiere Sänger vum Dresdner Kreuzchor ass dëst deen eenzege feste Posten - ee Choix, deen hie fir sech ganz bewosst getraff huet. De Christoph König ass allerdéngs als Chef-Invité bei villen international unerkannten Orchesteren ënnerwee.

De Christoph König stellt sech am Ablack vill Froen iwwert seng Zukunft. De Museker ass an engem Alter an op engem Punkt a senger Carrière ukomm, wou sech wichteg Weiche stellen. A wou sech interessant Perspektive fir déi nächst Joren annoncéieren.


Interview mam Christoph König:

Lauschteren

Méi zum Thema

SEL
Solistes Européens, Luxembourg

D'Solistes Européens, Luxembourg gi mat engem neie President an déi nei Saison. De Jérôme Wigny iwwerhëlt dës Charge vum Eugène Prim, deen zanter der Grënnung 1989 un der Spëtzt vum Orchester stoung.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen