Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Räpzodi: Tommek meets Tonnar

Akustesche Rap

Räpzodi: Tommek meets Tonnar

Räpzodi ass een neie Projet ronderem de Lëtzebuerger Rapper Tommek. D'Beats gi live vun enger akustescher Band gespillt. An der Fotell vum Produzent sëtzt de Lidderschreiwer Serge Tonnar.

auto_stories

2 min

De Luka Tonnar an den Tommek

Am September 2015 hat de Lëtzebuerger Rapper Tommek säin Album akustesch gespillt. De Serge Tonnar hätt dorops hin d'Iddi gehat, fir doraus een neie Projet ze maachen. "Am Juli hu mir eis du während zéng Deeg am Mëllerdall agespaart, fir um Album ze schaffen", erkläert den Tommek.

Thematesch a stilistesch setzen d'Museker sech keng Grenzen. "Et gi poppeg Elementer, Jazz, Tango souguer deelweis, funky Saachen a latino-Vibes", sou den Tommek. De Sound wier awer homogen, well alles akustesch ass. De Serge Tonnar hätt den Album produzéiert. Hien hätt vill Wäert drop geluecht, datt d'Arrangementer méi Ëmfang hätten, wéi dat am Hip Hop Usus wier.

Dem Serge Tonnar seng zwee Jongen, de Luka an den Tun, sinn Deel vun der Band. Och wann dee bekannte Songwriter selwer net mat op der Bühn steet, géif ee säin Afloss kloer héieren, fannen d'Museker.

"Räpzodi ass mäin éischte Band-Projet", erkläert den Tommek. Bis elo hätt dee kreative Prozess vu senger Musek sech virun allem doheem an iwwer Internet ofgespillt. Am Studio wier et vill méi einfach, fir eng Ambiance entstoen ze loossen, a Lidder ze schreiwen, ënnersträicht de Luka Tonnar. Déi Vibes vun där Zäit, déi een zesumme verbruecht hätt, géifen spéider bei den Optrëtter nees opliewen, mengt den Tommek.


Räpzodi stellen hiren Album vir: De 25., 26., 27. an 28. Dezember am Téâtre du Centaure.

Den 9. Dezember ware Räpzodi an der Emissioun Backstage.