Klangbiller Radio-Chirurg

De Raoul Tholl ass Physiker a Physiksproff. Säi groussen Hobby ass historesch Radiotechnik, déi hien zanter méi wéi 25 Joer sammelt, respektiv restauréiert. Déi grouss al Këschten, déi fréier a jiddwer Stuff stoungen, an den Hellegtum vum Haus waren. Den Jamie Reinert ass de Radio-Chirurg besiche gaangen.

Radiochirurg

An der Mediathéik:

Klangbiller / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

Jamie 1.jpg
Klangbiller

Zu Rued-Sir kléngen an der Lescht tëscht fënnef a sechs Auer owes lëfteg a verspillten Téin duerch d'Duerf. Vill Walzen a populär Lidder héiert een aus enger Dréiuergel. Mir hunn d'Kläng lokaliséiert.

Gast Klares
Klangbiller

Den Jamie Reinert mat engem Klangbild vun engem Mënsch mat engem zimmlech breede musikaleschen Horizont. Dës Kéier geet et op Betzder an de kuriéise Klang-Atelier vum Gast Klares.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen