Am Juli 2019 huet d'Jana Bahrich de Screaming Fields Festival gewonnen. E puer Méint virdrun ass de Projet "Francis of Delirium" eréicht entstanen. Mëttlerweil si si zu dräi mam Chris Hewett op der Batterie an dem Jeff Hennico um Bass. 90er Grunge, Indie a Folk stinn op hirem Menü. An dat resüméiert zimmlech gutt d'Richtung vun hirem éischten offizielle Song.
D'F-Wuert géif op "Quit Fucking Around" esou dacks benotzt ginn, well d'Stéck aus der Roserei eraus entstane wier. "D'Lidd geet fir mech dorëms aus engem negative Gedankeprozess ewech ze kommen, wou een alles, wat ronderëm sech passéiert schrecklech fënnt." Den aktuelle politeschen an ëmweltleche Zoustand an der Welt ass och net grad motivéierend.
Den Dram wier et vun der Musek kënnen ze liewen. "All meng Zäit geet aktuell an dëse Projet". Op hirem Handy wiere ronn 1.700 Voice Memos ze fannen. Réi Skizzen, déi nach ausgeschafft musse ginn. "Ech probéieren all Dag ze schreiwen." Mëttlerweil wiere schonn eng 13 Stécker prett. Am Abrëll kënnt dann och eng éischt EP eraus, an eng Release Show ass dee Moment an der Rockhal geplangt.