Radioen

On air

Genuddels a Gejiips  |  Noruff un de Sylvain Luc - Paul Jackson - Taylor Eigsti

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Queere Softrock mat ironeschen Ënnertéin

King Princess - Cheap Queen

Queere Softrock mat ironeschen Ënnertéin

Hanner deem ambiguen Numm King Princess verstoppt sech déi 20-järeg Mikaela Straus aus Brooklyn, New York, a si huet et fauschtdéck hanner den Oueren. Mol provozéiert si ganz selbstbewosst, dann nees gëtt si sech ganz sensibel a verletzlech. Mat hirem éischte Longplayer "Cheap Queen" huet si dem Vicky Stoll et ugedoen.

auto_stories

3 min

Wann een an der Literatur vun Intertextualitéit schwätzt, da geet een dovunner aus, datt een Text muss am Kontext vun all den Texter geduecht ginn. Geet een da mat dëser poststrukturalistescher Iddi un den neien Album vu King Princess erun, da liicht engem séier an, firwat dës Plack zugläich esou frësch an esou bekannt kléngt.

Déi jonk New Yorkerin Mikaela Straus zerwéiert sech nämlech sans gêne bei alle Popmuseksrichtungen an iwwerdréit dës an en zäitgenëssesche Kontext. Wierklech nei ass a musikalescher Hisiicht also näischt. Dee frësche Wand kënnt villméi aus där Mëschung aus Nonchalance an Ironie, déi iergendwéi duerchgängeg präsent ass.

Um Titeltrack "Cheap Queen" verhandelt d'Mikaela Straus hire kometenhaften Opstig an der Branche, a wéi si mam "fame" ëmgeet - thematesch ass dat alles natierlech dausendfach ofgegraast. Et geléngt hir allerdéngs ëmmer gläichzäiteg realistesch, muttwëlleg a witzeg ze kléngen. Hei schléit dat risegt Selbstbewosstsinn duerch, mat deem verschidde Millennials déi vireg Generatiounen dacks ze iwwerrasche wëssen.

Um Cover vum Album weist d'King Princess sech am Portrait am vollen Drag-Maquillage. Si erkläert dëst esou, datt si all Moment versicht, déi iwwerdriwwe Selbstduerstellung ënner een Hutt ze bréngen. An zwar wéilt si am Fong just doheem op der Couch gemittlech eng Wick fëmmen, amplaz all Dag missen den Erwaardunge vum Showbiz gerecht ze ginn.

Selbstsécherheet a Selbstzweifel, Verbonnenheet a Verrot, Nosinn an Onofhängegkeet, all déi Dichotomië bréngt King Princess an hiren Texter ënner, ouni - an dat ass hei d'Konscht - jeemools widderspréchlech ze kléngen.

Si beréiert mat enorm éierlechen a sensibele Momenter, op anere Plaze sicht si d'Provokatioun, andeems si sech zum Beispill iwwerdriwwe selbstbewosst gëtt. Virun e puer Joer huet et nach als progressiv gegollt, wann een als Popstar a sengen Texter kee Geschlecht ugeschwat, mee eng sougenannten geschlechtsfräi Approche gewielt huet. Der Mikaela Straus ass dat komplett egal, si mécht kee Geheimnis aus hirer Queerness an hiren Du ass domat ëmmer weiblech. Och dat kann een als bewosst Provokatioun verstoen.

Nodeems hiren éischten EP "Make My Bed" d'lescht Joer wéi eng Bomm ageschloen ass - d'Single "Pussy is God" huet op Spotify bal 300 Milliounen Plays - kann d'Mikaela Straus mat "Cheap Queen" uerdentlech noleeën.

Hire queeren a schmalzege Softrock kënnt musikalesch vläicht zimlech konservativ dohier, dofir awer net ouni deen een oder aneren ironesche Clin d'Oeil lénks a riets. Et sollt een also op kee Fall de Feeler maachen an denken, datt hei de Stil méi wichteg ass wéi d'Substance. "Cheap Queen" vu King Princess ass nämlech eng Plack mat villen Ebenen.