Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bonny Light Horseman - I Know You Know

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pop-Pärele mat assuméiertem Pathos

Ice In My Eyes

Pop-Pärele mat assuméiertem Pathos

Ice In My Eyes hunn en neien Album. D'Museker leeë bei dëser Produktioun Wäert op d'Emotiounen an d'Dynamik vun hire Live-Optrëtter. Fir dat ëmzesetze ware si bis an d'fränkesch Provënz.

auto_stories

5 min

Ben Thommes (gtr) / Olivier "Funka" Treinen (voc/keys) / Mike Koster (bass)

En Hang zu pathetescher Hymnik a grouss Pop-Gesten: déi Observatioun vun engem däitschen online-Magazin kéint hie mat zwou Hänn ënnerschreiwen, seet den Olivier Treinen. "Dat ass genee dat, wat ech nach ëmmer wollt maachen." Sou wéi et ëmmer schlechte Pop gi wär, wär et och schlechte Pathos ginn. Déi Kritik un Ice In My Eyes hätt hien dowéinst als positiv ëmpfonnt.

Dem Sänger seng musikalesch Preferenze sinn a senger Jugend verwuerzelt. Mat 13 Joer hätt hien net, wéi all déi aner, Metal gelauschtert, mee The Cure an The Smiths. Vill Leit géife säi Gesank mat deem vum Robert Smith vergläichen.

"Ech hu mech awer éischter an d'Melodien an an d'Haromie vun de Beach Boys verléift", seet den Olivier. "Déi Musek huet Séil, an als Sänger flitts de iergendwéi. Do kënnt och déi al Kamell hier, datt fir mech d'Melodie an d'Hookline genee sou wichteg sinn, wéi d'Wuert selwer." Et wär wichteg, datt een alles an ee Pop-Song kéint eran interpretéieren.

Ice In My Eyes sinn eng vun deene wéinege Pop-Gruppen zu Lëtzebuerg (© Djavanshir .N)

Produktioun vum Jan Kerscher

"Diamond" gouf vum däitsche Produzent Jan Kerscher opgeholl, deen och schonn Inborn a Mutiny on the Bounty produzéiert huet. "Wann hie mat dir schafft, ass hie wéi en Deel vun der Band", erkläert de Mike Koster.

Bei Pop-Musek ginn an der Regel déi eenzel Instrumenter noeneen op e Metronom agespillt. Ice In My Eyes huet hir Stécker live an ouni Click-Track opgeholl. "Mir hu gemierkt, datt d'Stécker grad vun där Fräiheet liewen, datt se am Refrain bësse méi séier ginn", seet de Mike. "Dat gëtt deem Ganzen eng Dynamik, déi mir dës Kéier wollten."

Deen éischten Album wär ze steril par Rapport zu de live-Optrëtter eriwwerkomm. Beim neie Wierk hätt ee probéiert, d'Live-Emotioune mat op Band ze kréien. Trotzdem sinn op "Diamond" Overdubs, a beim Mëschen huet de Jan Kerscher seng Kreativitéit als Produzent afléisse gelooss.

"Diamond" ass beim franséischen Indie-Label "Tourne Disque" erauskomm. De Cover vum Album gouf vun der Lëtzebuerger Artistin Nora Wagner realiséiert. Den 13. Mee gëtt den Disk an de Rotondë virgestallt.

Ice In My Eyes sinn:
Olivier Treinen (Gesank an Tasten)
Mike Koster (Bass)
Ben Thommes (Gittar)
Luc Hoffmann (Batterie)


Weider Infoen um Web:
​Ice In My Eyes Tumblr: http://iceinmyeyes-band.tumblr.com/
Ice In My Eyes Facebook: https://www.facebook.com/iceinmyeyes2013
Jan Kerscher: http://ghostcityrecordings.com/jan-kerscher/
Nora Wagner: https://norawagner.com/