Radioen

On air

Resonanzen  |  Emmanuel Chabrier - Suite Pastorale, I. Idylle - Detroit Symphony Orchestra, Paul Paray (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pop a Rock am Numm vun der Melusina

Sirens Call

Pop a Rock am Numm vun der Melusina

Haut huet den Atelier éischt Nimm vum Line-Up 2020 bekannt ginn. Headliner si Foals vun Oxford, déi schonn am Mee d'lescht Joer am Atelier gespillt haten, zanter deem praktesch onënnerbrach op Tour waren, an deemno de Samschdeg 27. Juni en zweeten Ofstiecher op Lëtzebuerg maache kommen. Et ass eng vun deene wéinegen Indie-Bands, déi bis elo Stadium-Rock-Format erreecht hunn, ouni hir eege Couleur ze vernoléissegen an ëmmer erëm e grousst Erliefnis op enger Bün.

auto_stories

2 min

​De Siren’s Call Festival, deen den Atelier an d’Abtei Neimënster zanter 2017 organiséieren, huet sech a just zwee Joer als feste Summer-Rendez-vous am Stadgronn etabléiert.

Mat op der Affiche stinn Nothing But Thieves, och Englänner, déi dacks esouguer mat de Foals verglach ginn. Ëm eppes méi jonk, ass hire Sound nach méi College-Rock-inspiréiert an accessibel.

Fir all déi, déi d'lescht Joer vu Grandbrothers faszinéiert waren, gëtt et Pianosmusek vun der Hania Rani, eng jonk Komponistin, déi hir Zäit tëschent Warschau a Berlin deelt. D'Viagra Boys vu Stockholm steieren ënnerkillte bis intensive Post-Punk-Sound bäi; d'Josin, eng Kölnerin mat koreaneschen Originnen, verbënnt intim Stëmmaarbecht mat rouegen, elektronesche Kläng; wärend The Howl and the Hum vu York poppegen, hallefdonklen Alternative-Rock spillen.

Nieft franséischem Pop vum Joanna dierf ee sech och schonn op zwee lëtzebuergesch Acts freeën, all Kéier aus dem Pop-Songwriter-Eck: den Chaild an d'Charlotte Bridge si bis elo annoncéiert.

De Music & Culture Festival proposéiert awer méi wéi Musek. Héichpunkt vum Kulturprogramm 2020 ass d'Theaterstéck "Le dernier Ogre" vum Marien Tillet, dat schonn eng laang an erfollegräich Tournée duerch Frankräich hanner sech huet. Interventioune vun de Performance-Kënschtler Catherine Elsen a Saso Vollmaier, eng "Immersive Sound Experience*, Luuchteninstallationen, eng Design-Ausstellung, e Creator's Market, Yoga- an Danzworkshoppe maache Loscht op méi.

Dat Ganzt gëtt et, wéi och déi lescht Joren, mat engem Ingredient, deen ni al gëtt: d'Kuliss vum Bockfiels an déi schéin Trëppelpied tëschent de Bünen, laanscht d'Uelzechtufer an der Luucht vu faarwege Lanteren.

D'Vente vun deenen éischte Billjeeën huet ugefaangen, méi Informatioune gëtt et op www.sirenscall.lu