Radioen

On air

De Weekend  |  Raphael Saadiq - Body Parts

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Epesch

Perfume Genius - Set My Heart on Fire Immediately

Epesch

"Set My Heart on Fire Immediately" - en epeschen Titel fir en epeschen Album. Dee fënneften Opus vum amerikanesche Sänger Perfume Genius weist en Artist, dee mat sech a sengem Kierper a senger Vergänglechkeet Fridde schléisst.

auto_stories

3 min

De Mike Hadreas alias Perfume Genius ass en oppent Buch; beim Lauschtere vu sengen Albumme fillt ee sech net seele wéi säin Therapeut, deen him beim Soueren nolauschtert. Deen neien Album ass nees genee esou dramatesch an dynamesch, wéi een dat vum Hadreas gewinnt ass. Mee Gesouers gëtt et dës Kéier manner. D'Therapie ass fäerdeg. Mat 38 Joer zitt de Sänger e Schlussstréch ënner de Kitchensink Drama a liwwert dee poppegsten an erwuessensten Album vu senger Kariär.

Eng vun de Qualitéite vum Mike Hadreas ass seng experimentell Approche zum Songwriting. D'Song-Strukture brécht hien dacks op, fir Plaz ze maache fir Stëmmungen a Gefiller. Um neie Longplayer acceptéiert hien d'Couplet-Refrain-Rezept a kënnt mat 13 grousse Pop-Nummeren. An obwuel dorënner vill Ballade sinn, keng Angscht - Schnulze ginn et keng. Dat mécht de Sänger direkt beim wonnerschéinen, lynchesken Opener "Whole Life" däitlech.

Den Hadreas bleift stilsécher a mat engem Been an der Avant-Garde. D'Dramatik vum Bowie verbënnt hie mat epeschen Orchestréierungen a rockegen Nummeren, déi u Sparklehorse erënneren. Un de Controls ass wéi um Virgänger "No Shape" och nees de Gittarist Blake Mills, dee just virun der Release vun dësem Album säin eegent neit Wierk "Mutable Set" erausbruecht huet.

Hei hu sech der zwee fonnt. Dem Blake Mills seng Gittaren dauchen ëmmer nees am Verlaf vum Album op - wéi Guiden, déi eis duerch dem Hadreas seng melodramatesch Geschichte féieren.

Esou hu mir Perfume Genius nach ni héieren. Lëfteg, op den Zéiwespëtze galoppéierend, bal scho guttgelaunt dänzelt den Hadreas duerch Stécker wéi "Whithout You". De Country Afloss kéim duerch d'Sänger, déi hien a senger Kandheet beaflosst hätten, seet de Mike Hadreas an engem Interview mam Blog Pitchfork: d'Dolly Parton an den Townes van Zandt.

Dat ënnersträicht d'Éierlechkeet vum Disk. Et gëtt keng Mask, a keng trendy Klischeeën, mee Geschichten aus dem Liewe vun engem Mann, deen a senger Jugend wéinst senger Homosexualitéit Morddrounge krut, dee mësshandelt gouf, an deen un enger chronescher Infektiounskrankheet am Verdaungstrakt leit. Déi Theeme kennt een, wann ee Perfume Genius kennt. Dës Kéier gi se mat enger ongewinnter Liichtegkeet verschafft, wéi op "On The Floor" - hei geet et ëm eng Relatioun, déi fir de Protagonist geféierlech gëtt.

"Set My Heart on Fire Immediately" ass en Album, deem säin Titel absolut passt. Fans vu Perfume Genius brenne souwisou schonn. Bei allen aneren dierft spéitstens elo och de Fonken iwwersprangen. Nach ni war den amerikanesche Sänger esou grouss an esou accessibel.