Radioen

On air

Tockcity  |  Empire of the Sun - Changes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Pedro Winter: D'Technologie bändege fir d'Musek

Sonic Visions

Pedro Winter: D'Technologie bändege fir d'Musek

Als Virbild fir e jonke Museksbegeeschterten ass de Pedro Winter kaum ze iwwertreffen: Besëtzer a Manager vun Ed Banger Records; Architekt vum Succès vun Daft Punk an den 1990er an Justice an den 2000er.

auto_stories

2 min

Et géif ee sech esou ee Mann als schlauen Entrepreneur mat engem sechste Sënn erwaarden. Amplaz fënnt een e passionéierten ex-Skater, deen zum richtege Moment Loscht op Aventure hat.

"Den Entreprenariat-Gen hunn ech guer net matkritt", esou de Busy P. a senger Keynote um Sonic Visions Festival e Freideg an der Rockhal, wou hien engem gemëschte Public vu jonke Museker a Professionelle säi Werdegang mat vill Humor beschriwwen huet. "Ech hu mäi Liewe ganz engem Projet geschenkt."

Datt hien a senger Karriär net eleng war, vergësst hien net ze ernimmen. De Papp vum Thomas Bangalter, engem vun deenen zwee Daft Punk, war e gewëssenen Daniel Vanguarde, ee bedeitenden Disco Produzent vun de 70er, an huet dem Winter vill iwwer d'Plackenindustrie bäibruecht. Och de franséische Bureau Export des Musiques Amplifiées stoung him deemools schonn zur Säit a war staark un der Vermaartung vun der French Touch bedeelegt.

Et wier wichteg, Hoffnung ze stëften, well d'Museksgeschäft op den éischte Bléck iwwerwältegend kéint ausgesinn, esou de Winter.

Am Gespréich mam Marc Clement deelt hie seng perséinlech Tricken, fir de schwierege Wand an der Museksindustrie an dat richtegt Seegel ze kréien.

Dat ganz Gespréich lauschterenplay_arrow