Sample vun der Woch Parliament - Flashlight

Et kann ee keng Sendung iwwer Sample maachen, ouni iwwer Parliament ze schwätzen. 1978 hu si d'Lidd "Flashlight" erausbruecht. Dat gouf geschriwwe vum George Clinton, Bernie Worell a Bootsy Collins zesummen, woubäi den George Clinton Sänger a Bandleader ass.

Bobby Bieles / cbi

e12.jpg

Hien ass 1941 am North Carolina an den USA gebuer an ass ëmmer nach aktiv. Hien ass offiziell Sänger, Songwriter, Produzent a Bandleader an och Grënner vun der P-Funk Mothership. Dat ass esou eppes wéi eng grouss Famill mat de Gruppe Parliament a Funkadelic zesummen.

Si si bekannt fir hir Mëschung aus Funk, Science Fiction, Moud, psychedelesch Aflëss a surrealisteschen Humor. "Flashlight" war deen éischte Groussen Hit vum P-Funk Kollektiv, woubäi Parliament ëmmer méi kommerziell orientéiert war a Funkadelic méi rockeg.

D'Inspiratioun fir dëst Lidd war anscheinend eng onendlech laang Jam, déi den George Clinton mat senge Museker organiséiert huet. Wann d'Grupp dëst Lidd live performed huet, waren dacks méi wei zéng Museker op der Bün, all verkleet, a si hunn dat Lidd méi wéi 40 Minutten an d'Längt gezunn, mat onendlech laange Soloen, woubäi dat Wichtegst ëmmer déi Bassline vum Moog bliwwen ass.

Inspiratioun fir aner Kënschtler

Dëst Lidd gouf Dosende vu Kéieren am Hip-Hop gesampelt, dat éischt Beispill ass de Snoop Dogg. Hie sampelt just e klenge Vocal Deel fir en Jingle fir seng imaginär Radiostatioun op sengem éischten Album "Doggystyle" ze maachen.

En anert Beispill wier de Redman. Hie benotzt d'Bass an d'Perkussioun vum Lidd "Flashlight" fir säi Lidd "So Ruff" doraus ze maachen. Dat war op sengem éischten Album "Whut? Thee Album".

Eng aner Grupp, déi de Sample benotzt huet, ass Digital Underground. Hiert Lidd heescht "Danger Zone" an zwar op hirem éischten Album "Sex Packets".

Mee ee vun menge Liblingslidder bleift natierlech dat vum Ice Cube. "Man's Best Friend" war op sengem zweeten Album "Death Certificate", deen 1991 op Lench Mob Records erauskoum. Hie beschreift hei, datt dem Mënsch säi beschten Kolleeg net den Hond, mee den Revolver ass.

An der Mediathéik:

De Sample vun der Woch / / Bobby Bieles
Lauschteren

Méi zum Thema

Wien huet de funky Wuerm geklaut?
Sampledetektiv

Kaum e Lidd gouf esou dacks gesampled wéi "Funky Worm" vun den Ohio Players. Den Titel vun 1973 war der Funk Band hiren éischte grousse Succès. Bis haut daucht en ëmmer nees an Hip-Hop-Produktiounen op.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen