Komplizéiert awer accessibel Palm: Beach Boys trëfft op Math-Rock

Palm ass eng Band, déi Rock-Strukturen op d'Kopp geheit. Dësen Art-Rock Quartett vu Philadelphia péckt immens vill Iwwerraschungen an hir Musek eran. Dat héiert een och zemools an hirer neier Plack "Rock Island" eraus.

Jamie Reinert / cz

Palm by Dylan Pearce
Palm, Foto: Dylan Pearce

Et ass schwéier vum neie Palm Album gelangweilt ze ginn. Éischter de Contraire. Mat all den abrupte Wiessel an dem Iwwerschoss vu Kläng, riskéiert den Nolauschterer sech op dëser loucher Rock Insel ze verléieren. An awer gëtt ee vun dëser Produktioun charméiert. "Rock Island" ass méi accessibel, wéi den éischten Androck engem vläicht ze spiere gëtt.

Zënter 2010 hunn déi véier Membere vu Palm e puer EPen an zwee Albume verëffentlecht. Iwwert d'Jore goufe si zemools duerch hire Sënn vun Experimentatioun bekannt.

Op der neier Plack gi klassesch Rock Strukture gebrach, zerstéckelt a mat mathemateschem Elan erëm zesummegesat. Rhythmesch kléngt d'Resultat immens gelueden. "Rock Island" ass voller Ecken a Kanten. Komplex a gläichzäiteg zougänglech. A mat vill Asaz produzéiert.

Skurril, komplex, mee net iwwerlueden

Op "Rock Island" kritt ee vill Ofwiesselung gebueden. Waarm a verspillte Gittarekläng kléngen nieft exotesche Steel-Drums, Bléiser, Sythnien an Drum Pads. E séissen a kromme Rock-Sound, deen och vun den zwou Stëmme vun der Eve Alpert an dem Kasra Kurt markéiert ass. Déi zwee wiessele sech mat de Vocals oder sangen zesummen op verschidde Stécker. D'Eve Alpert setzt hir Stëmm méi als Textur an. Den Kasra Kurt geet éischter mat enger Pop-Sensibiliéit un d'Aarbecht erun. Um Track "Composite" schéngt de Verglach mam Brian Wilson evident. E Lidd, dat sech unhéiert wéi wann d'Beach Boys sech u Math-Rock vergraff hätten.

Um neie Palm Album passéiert villes, ouni datt d'Musek iwwerluede kléngt. En iwwerraschend Resultat wann ee bedenkt, datt d'Plack zerstéckelt opgeholl gouf. Een Instrument gouf nom aneren agespillt. Bei dëser Approche besteet d'Gefor, datt et zum Schluss u Kohesioun feelt. Hir nei Plack kléngt awer organesch an immens kohärent.

Déi véier Museker hu "Rock Island" an engem Bauerenhaus am Norde vun New York State opgeholl. E Mount laang hu si un de Stécker gekniwwelt a gefréckelt bis se hirem Goût entsprach hunn.

En Album, deen engem nawell de Buedem ënnert de Féiss ewech rappe kann. Rhythmesch immens variéiert. Verdréinte Rock mat ville skurrillen a chaotesche Momenter.

An der Mediathéik:

Kultur / / Jamie Reinert
Lauschteren

Méi zum Thema

U.S. Girls
U.S. Girls

Den neien Album vun U.S. Girls huet et a sech. Déi amerikanesch-kanadesch Sängerin Meg Remy zervéiert sech am weibleche Pop-Repertoire a wiisst iwwert sech eraus. Clever verpéckt si subversiv Messagen.

Schubert Brahms.jpg
Klassik-CD vun der Woch

Grouss Dynamik, gelongen Iwwergäng tëschent Melodie a Begleedung an insgesamt einfach eng Opnam, déi beim Lauschtere Spaass mécht. Den neien Disk vun de Schlesesche Kammersolisten.

Peter Broderick
Multi-Instrumentalist

Den amerikanesche Museker a Komponist iwwerrascht duerch seng Villsäitegkeet. Als Solo-Kënschtler oder als Deel vu Kollektive mécht de Peter Broderick Musek, déi accessibel, awer ni langweileg ass.

Jesca Hoop
Folk ouni Schoul

Si ass eng Musekerin, déi kee kal léist. D'Jesca Hoop erzielt fantastesch Geschichten iwwer déi traureg Welt, an där mir liewen. Hir Musek ass Folk, obwuel si guer net weess, wéi dat geet.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen