Radioen

On air

De Moien  |  Real Estate - Flowers

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Päiperlécke fir de Sebb

The Army of Butterflies

Päiperlécke fir de Sebb

Mam musikalesche Projet "The Army of Butterflies" soll de Sebastien Peiffer ënnerstetzt ginn. Hien hat 2013 e schwéieren Accident. De Kollektiv huet viru kuerzem zwee nei Lidder erausbruecht. De Sänger Pascal Useldinger an de Gittarist José Dos Santos mat Detailer.

auto_stories

2 min

Pascal Uselsinger a José Dos Santos

2012 hat de fréiere Leadsänger vun der Band Babyoil, Sébastien Peiffer, e schwéieren Accident. Zënter deem gëtt hie behandelt. Fir seng Therapie finanziell z'ënnerstëtzen hate seng Frënn e Concert an der Rockhal organiséiert.

En Hommage un de Sébastien Peiffer

Et ass awer net bei dësem enge Concert bliwwen. Ënnert dem Numm "The Army of Butterflies" ass e ganze Projet ëm d'Musek vum Sébastien Peiffer entstanen. Bedeelegt sinn nieft dem dem Pascal Useldinger, bekannt als fréiere Sänger vun dEFDUMp, an dem Medley Jukebox-Gittarist José Dos Santos, virun allem fréier Bandmembere vum Sébastien Peiffer. "Mir wëllen de Sébastien esou gutt wéi méiglech representéieren, duerch déi Lidder, déi hie geschriwwen huet" erkläert de José Dos Santos.

De Projet soll en Hommage un de Sebb sinn, seet de Pascale Useldinger. Hie wier e Pionéier vun der Lëtzebuerger Rock-Musek gewiecht. Mee säi Liewen a säi Wiese wiere net méi dat, wat se virum Accident waren, esou de Sänger. "Wann een alles verléiert wat een ausgemaach huet, da verschwannen d'Leit ronderëm een. De Projet soll op all déi Leit opmierksam maachen, déi vun der Gesellschaft ausgeschloss ginn, esou bal se net méi valid sinn."

Zwee nei Lidder

De 16. Juli huet "The Army of Butterflies" zwee Stécker eraus bruecht: "Onto the Night" a "Prayers for Rain". De Sebastien Peiffer hat d'Stécker fir seng deemoleg Band "I promised you September" geschriwwen, déi hie kuerz viru sengem Accident gegrënnt hat. "Mir hunn dës Lidder nei arrangéiert, Texter geschriwwen an opgeholl", esou de Sänger Pascal Useldinger. An de Lidder géing nach ganz vill vum Sebastien Peiffer stiechen, sou de José Dos Santos."Nëmmen d'Aart a Weis ze spillen ass e bësschen anescht."

Ob de Projet "The Army of Butterflies" weider geet, wier nach net sécher. "Et gëtt ëmmer d'Méiglechkeet zesummen ze spillen. Virgesinn ass et net, mee et soll een nie Nee soen", esou de Pascal Useldinger.

Di zwee Lidder kann een iwwert d'Homepage vun "The Army of Butterflies" kaafen.