Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ouni Kompass um Terrain vun de Gefiller

Caspar Clausen - Better Way

Ouni Kompass um Terrain vun de Gefiller

Mat "Better Way" presentéiert den Efterklang a Liima-Frontmann Casper Clausen säi Solodebut. Den Album ass eng rasant Achterbunn tëschent energescher Extas an déifster Melancholie.

auto_stories

3 min

Als Geschicht an aacht Deeler bezeechent de Casper Clausen säin neien Album "Better Way" a fänkt seng Erzielung direkt mat engem laangen a klimaktesche Kapitel un.

Am Opener "Used to Think" si fir d'éischt eemol dräi an eng hallef Minutt laang en hypnotesche Beat a kosmesch Synthesizer ze héieren, déi un Krautrockgréissten ewéi Neu! oder Cluster erënneren, a schlussendlech mam Clausen senger onverkennbarer Stëmm an zaarte Gittarkläng zu engem absolutte Synthpopbried verschmëlzen.

Insgesamt bal néng Minutte léisst hien sech hei Zäit, changéiert ëmmer nees de Rhythmus a wiesselt vun enger Stëmmungslaag an déi nächst, ouni sech awer a sengem Klanglabyrinth ze verléieren.

Mat engem fräie Kapp an de Studio

"Better Way" ass den éischte Soloalbum vum Casper Clausen, deen ee bis elo als Frontmann vun den däneschen Indierockdarlings Efterklang an hirem Nieweprojet Liima kennt. Och wann hien um neien Album eng éischte Kéier artistesch op sech eleng gestallt war, hätt hien awer de selwechte Kreativprozess am Studio duerchlieft, wéi soss mat senge Bandkolleegen, sot de Clausen zu "Better Way".

Et wier him net dorëms gaangen no engem konkrete Plang ze schaffen, mee mat engem fräie Kapp an de Studio ze goen, op seng Intuitioun ze lauschteren an ze experimentéieren. Einfach esou laang un de Knäppercher schrauwe bis e Sound entsteet, an deem een sech verléiere kann, war d'Motto vum Clausen sengem Aarbechtsprozess. "Better Way", dat ass d'Resultat vun enger One-Man-Jamsession.

Den Afloss vum Peter Kember

Sou ganz wollt de Clausen awer net op Hëllef vu bausse verzichten an huet sech de Peter Kember hanner d'Mëschpult geholl. De Museker ass besser bekannt als Sonic Boom vum legendäre Spacerock-Duo Spacemen 3 a souz scho fir Acts ewéi MGMT, Panda Bear oder Beach House am Studio.

Op "Better Way" ass dem Kember säin Afloss däitlech ze héieren: déi kaleidoskopesch Beats, d'psychedelesch Stëmmfatzen, déi aus dem Näischt kommen an och nees dohin ofdriften an natierlech déi spaceg fuzzy Gitarrkläng - si droen dem Sonic Boom seng Handschrëft a maachen "Better Way" esou herrlech catchy.

Léift an Entfriemung sinn d'Leitmotiver vum Album an de Clausen hëlt eis mat op eng emotional Achterbunn tëschent energescher Extase an déifster Melancholie. Besonnesch den zweeten Track "Feel it Coming" verbënnt des béid Säiten zu enger batterséisser Indierocknummer.

Op "Snow White" wéckelt sech dann ee gespenstesche Loop em dem Clausen seng Stëmm, déi tëschent gecroontem Lamento a verzweiweltem Falsetto wiesselt. Mat Zäite kritt een awer d'Gefill, datt dësen emotionale Pingpong um Album e Stëmmungschaos kreéiert, deen d'Wierkung vun den eenzele Lidder e wéineg ënnerbënnt.

Ze schnell a schematesch geet et erop an erof, sou datt een beim nolauschteren d'Orientéierung verléiere kann. De Casper Clausen brauch scheinbar kee Kompass, keng Landkaart, hien verléisst sech hei um Terrain vun de Gefiller ganz op seng Intuitioun op der Sich no engem "Better Way" - egal wou dësen och hiféiert.