Rival Consoles - Articulation Op luese Suelen

Fir ënnerdriwwenen, atmosphäreschen Techno kennt een de Süd-Londoner Lee West zanter elo 13 Joer, an zwar ënner dem Numm Rival Consoles. Dräi-Wierder-Beschreiwungen a Genre-Tiräng verstoppen allerdéngs d'Detail-Verléiftheet vum britteschen Elektroniker senger neier Plack, déi einfache Klassifikatioune resistéiert.

Marc Clement / cbi

Rival Consoles
Foto: Facebook.com/rivalconsoles/

Dem West seng Aussoen an deene puer Interviewen, déi hie ginn huet, zeechnen e Museker vun de Schattéierungen. "Säin Talent net esou komplett ze besëtzen, datt ee sech dran aspäert", ass ee wichtege Grondsaz vu sengem Musekmaachen. "Ech hunn net gären iwwerméisseg verschafften oder technesch Saachen, an awer geet et net drëms, dat Einfachst oder Simpelst ze maachen. Et sinn déi dréif Grenzen tëschent dësen zwou Welten, déi ech interessant fannen", seet hien 2016 dem Magasinn Pop Matters.

Seng Retenue ass also keng Scheiheet, mee en Andauchen an d'Nuance, an domat onweigerlech an de Sound-Design. Als Programméier vun eenzegaartegen an evokative Synthesizer-Sounds, als Verfriemer vun Instrumentopnamen an atmosphäresche Klangmoler, bewaffent mat zeg Gittarspedallen ass Rival Consoles a sengem Element a verféiert aus der musikalescher Distanz.

Klassesch mee subtil: Elektronesche Sound-Design um Top

Dat mécht och déi nei Plack, déi aus sechs mëttellaangen Tracks besteet, an den éischter klenglech kléngenden Titel "Articulation" dréit. Och wann een hei déi fein artikuléiert elektronesch Musek fënnt, déi dropsteet, verstoppt den Numm, datt kontinuéierlech Klangformung de Kär vun dëser Musek ass. Niddreg-frequent Oszillatore maachen alles, wat sech ofspillt zyklesch, an d'Tracks dréien a schimmerernde Schattéierunge vu lues a séier erëmkommende Kreesser.

Dëst si klassesch Mëttelen a ginn dem Museker sengem Ruff als Wollef am Schofspelz gerecht. Wat am Ufank wéi en nodenklechen ambienten House-Album dohierkënnt, mécht bei all weiderem Lauschteren nei Dieren an Niveauen op.

"Articulation" ass dobäi zugläich déi bis elo accessibelst a melodiéiste Rival-Consoles Plack. Och d'Längt, oder soe mer d'Kierzt, ass perfekt jugéiert, mat all Track genee der richteger Längt fir een Diagramm-aartegt rhythmescht Motiv zu Enn ze entwéckelen. Esou soll "Articulation" erstane sinn: als rhythmesch Interpretatioune vun einfache Strichdiagrammer, déi melodesch fräi verschafft goufen.

"Sudden Awareness of Now" ass esouguer op Melodien am Villercherspäifen baussen der Fënster baséiert, wéi kënnt een eng méi klischéiert an ofgelutschte Geschicht iwwer ee Stéck Musek verzapen, an dach mécht dat Ganzt ouni Wierder iergendwéi vill méi Sënn. Eng Plack, déi een ouni vill Wierder, mee dofir mat ville Feinheeten a Stëmmungen, eranzitt.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Fontaines DC
Fontaines D.C. - A Hero's Death

D'lescht Joer hu si de Rock-Album vum Joer geliwwert, elo presentéiert déi iresch Band Fontaines D.C. mat "A Hero's Death" schonn den Nofollger. Deen ass méi introvertéiert awer keng Grëtz manner kanteg a brachial.

Eddie Chacon
Eddie Chacon - Pleasure, Joy and Happiness

Den Eddie Chacon huet Mëtt den 90er dem Museksbusiness de Réck gedréit an huet eng Karriär als Moudefotograf ageschloen. Elo steet hien erëm am Tounstudio. R'n'B a Soul sinn erëm um Programm.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen