Radioen

On air

Espresso Beats  |  Everything Everything - The Mad Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Schlofzëmmerbléck elo op Vinyl

Lëtzebuerger Musek

De Schlofzëmmerbléck elo op Vinyl

Am Lockdown hate 13 Musekerinnen a Museker Lidder fir de radio 100,7 geschriwwen an opgeholl. Elo ass d'Resultat als Vinyl ze kréien. Ee Gespréich tëschent dem Simon Larosche an dem Yves Stephany.

auto_stories

3 min

Simon Larosche: Endlech ass et souwäit, de Schlofzëmmerbléck ass do. Op Vinyl. Yves, ziel eis nach eng Kéier, wat sech hanner deem geheimnisvolle Titel verstoppt?

Yves Stephany: Am Abrëll, wéi alles zou war, an et keng Concerte méi gouf, hu mir als Museksredaktioun et als eis Missioun gesinn, fir iergendwéi d'Museksaktualitéit um Lafen ze halen. Dofir hu mir 13 Musekerinnen a Museker gefrot, ob si fir eis e Song wéilte komponéieren an doheem ophuelen. D'Resultat ass eng Compilatioun, déi e gudden an intimen Abléck an d'Lëtzebuerger Musekszeen an dësem komesche Joer gëtt.

Den Ënnertitel resuméiert et zimmlech gutt: "A snapshot of Luxembourg's music scene in confinement". Am Summer koum d'Compilatioun op den digitale Plattformen eraus, an elo dann och op Vinyl. Firwat Vinyl?

Vinyl ass zanter enger Zäitchen nees am Trend. CDe si jo, bis an der Klassik, en Auslafmodell, a vill Musek-Fans hunn awer niewent dem praktesche Streaming gär e physeschen Objet an der Hand. Dofir erlieft Vinyl eng kleng, zaghaft Renaissance.

Natierlech ass déi Compilatioun och eng Visittekaart fir d'Musek, déi am Grand-Duché gemaach gëtt. Well mir vill a Kontakt mat auslännesche Journalisten a Professionellen aus der Branche sinn, ass et e ganz flotte Promo-Objet, dee mir esou Leit kënne ginn. Well obwuel mir als radio 100,7 op Lëtzebuergesch senden an e Programm fir Lëtzebuerg maachen, hu mir och eng Export-Funktioun: zum Beispill duerch Concerts-Enregistrementer, déi mir auslännesche Radioen zur Verfügung stellen, oder duerch eis Participatioun um Eurosonic Festival.

13 Lidder sinn op der Plack ze fannen, dorënner Stécker vun Edsun, Napoleon Gold, Francis Of Delirium, Them Lights, C'est Karma, Napoleon Gold, an, an, an ... Wou kritt een d'Plack dann ze kafen?

Et kann ee se online kafen iwwer eise Bandcamp Site. Dir kënnt eis och schreiwen, uruffen, oder einfach laanscht kommen, déi Infoe fënnt een op 100komma7.lu.

An da komme se och an d'Plackegeschäfter, an an aner Geschäfter. Wann Dir Äre Chrëschtdagsshopping maacht, dierft Dir op eis Plack stoussen.

Et ass wierklech och e flotten an originelle Chrëschtkaddo. E kléngt nämlech net nëmme gutt, mee e gesäit och wierklech gutt aus.

Jo, iwwer de Cover si mir och immens happy. Et ass e richtege klenge Konschtobjet ginn. Dofir och nach eng Kéier e grousse Merci un de Jeff Poitiers vu Cropmark, deen eng super grafesch Aarbecht geleescht huet.

Eng Fro hätt ech nach: firwat huet et sou laang gedauert, bis d'Placke fäerdeg waren?

Weess de, Placke schneiden a pressen ass en Handwierk. A wéi an all Handwierk ginn et Leit, déi et beherrschen, an där, déi et net esou gutt beherrschen. Mir ware leider op ee Cutting Engineer gestouss, dee kee "Master of his craft" war. Éier eng Plack gepresst gëtt, kritt een eng Testpressung. Déi muss ee fräiginn, fir dat mat där Form, déi hiergestallt gouf, kënnen d'Placke produzéiert ginn. Déi éischt zwou Testpressungen, déi mir kruten, ware klanglech einfach net gutt genuch. Dofir war dat en zimmlechen Hin an Hier, an hanner de Kulisse gouf vill geschafft, fir datt d'Resultat och soll gutt sinn. Mee lo ass se do, endlech, a si ass esou wéi se soll sinn, a mir sinn immens frou, datt esou gutt Musek hei am Land gemaach gëtt.

De Schlofzëmmerbléck Vinyl ass eng limitéiert Serie vu 500 Pressungen.