Musikalësch Visitëkaart Ee Fan vum Freddie Mercury

De Lëtzebuerger Schauspiller a Fräizäit-DJ Nilton Martins huet labber Danzlidder, Party-Matgröhler, modern franséisch Chanson a Filmmusek matbruecht.

Mike Tock / po

Nilton Martins.JPG

De Schauspiller mat portugiseschen Originnen huet bei Produktioune fir Kino, Fernseh an Theater matgewierkt. Zum Beispill war hien am Andy Bausch senge Filmer Trouble no more, La belle Epoque, an d’Fifties ze gesinn. De Nilton Martins spillt och an auslänneschen Kinofilmer mat: Vum Animatiounsfilm The Prodigies, iwwer Hannah Arendt, Les Fameux Gars bis zu Fieber mam renomméierten däitschen Akteur Martin Wuttke an der Fassbinder-Schauspillerin Eva Mattes. An Theaterstécker spillt hien och mat (Pink Slip Party, Frittparade 2000) an op der Télé konnt een hien ënnert anerem an der Sitcom Weemseesdet gesinn. Als Casting Director sicht hien SchauspillerInnen fir lokal an international Theater- a Film-Projeten.

A senger Fräizäit leet den Nilton Martins och als DJ Nilles op. Seng Musikalesch Visitëkaart ass ee Pot Pourri aus méi labberen Danzlidder, Party-Matgröhler, moderner franséischer Chanson, Filmmusek a Musical-Kompositiounen. Hien ass ee grousse Fan vum Freddie Mercury. Säin nächste Kuerzfilm gëtt een Hommage un de verstuerwene Queen-Sänger.

Um Mikro vum Mike Tock verréit hien méi.

Dem Nilton Martins seng Playlëscht:

  • Top Boys: Le feu ça brûle
  • Outthere Brothers: Boom Boom Boom
  • Bon Jovi: It’s my life
  • Alan Sivestri: Forrest Gump 
  • Patrick Bruel: Qui a le droit?
  • Hans Zimmer: The Rock/Armageddon (Medley Mix)
  • Garou: Belle (Notre Dame de Paris )
  • Queen: Who wants to Live forever
  • Rocky (Film Soundtrack): Going The Distance

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Pit Wagner-2.JPG
Musikalesch Visitëkaart

Dem Kënschtler Pit Wagner no, ass et schwiereg Musek-Genren vuneneen ze trennen. De Bommeleeërprozess, bei deem hien Skizzen gemoolt huet, vermësst hien net wierklech.

FRESHDAX
Lëtzebuergesche Rap

Rap op Lëtzebuergesch ass am Opschwong. Dat mierken och "Freshdax" op hire Concerten. Deen neien Album "Alles beim Alen, Alen" beschäftegt sech mat aktuellen, gesellschaftlechen Aspekter.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen