Musikalesch Visitëkaart Mat Hutt an eklekteschem Goût

Den Nico Helminger ass een oppene Mënsch, dee gären Anekdoten verzielt an dee vill ronderëm koum. Hien ass ee Fan vun der Wiener Oper, dee genee sou gären op Rock- an Jazz-Concerten geet. D’Musek, de Kino an d’Schreiwen inspiréieren hien. An de Studio huet hie Blues, Jazz, Klassik an Nei Musek matbruecht.

Mike Tock / po

nico helminger.JPG

De Mann mam Hutt ass sécher ee vun de opreegendste Lëtzebuerger Auteuren. 1953 am Minett zou Déifferdeng op d’Welt komm, ass de Nico de grousse Brudder vum Guy Helminger. Allebéid schreiwen se: Deen een no sengen Eskapaden op der lokaler Tëlee lieft erëm zu Köln, deen aneren sengersäits wunnt gréisstendeels hei am Land, wann hien net grad nees op enger gréisserer Rees ass.

Zënter den 80er Joeren schafft hien als fräie Schrëfsteller. Am Laf vu senger Carrière krut hien eng Rei Präisser, dorënner de Prix Batty Weber 2008 an deslescht och de wichtegen Prix Servais. Zu senge Wierker zielen Miss Minett, de Schantgen an Abrasch.

An de Studio huet hie Blues, Jazz, Klassik an Nei Musek matbruecht. Ze héieren sinn ënnert anerem: Dem John Zorn säi Jazzgrupp "Masada", dem Garth Knox seng Interpretatioun vum György Ligeti senger Chaconne, de Mikis Theodorakis, den Johnny Drew vun den Dubliners (Viva la Quinta Brigada), de Schluss vum 1. Akt vum Mozart sengem Don Giovanni, dem Schubert seng Winterreise (interpretéiert vum Hans Zender) an den Alvin Lee an Ten Years After mat "I'm Going Home".

De Mike Tock huet e begeeschterte Liewesmann, e kritesche Geescht, e Globetrotter, e sympathesche Gesell op Besuch.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Olivier Toth, Rockhal
Musikalesch Visitekaart

Wann den Direkter vun der Rockhal de musikalesche Programm vun der Emissioun zesummestellt, da kann et wuel nëmme rocken! Oder dach net?

Guy Daleiden.jpg
Musikalesch Visitekaart

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden ass e Fan vu Museker, déi eng Geschicht ze zielen hunn: Hannes Wader, Bob Dylan, Renaud a U2 dauchen a senger Playlëscht op.

Pit Wagner-2.JPG
Musikalesch Visitëkaart

Dem Kënschtler Pit Wagner no, ass et schwiereg Musek-Genren vuneneen ze trennen. De Bommeleeërprozess, bei deem hien Skizzen gemoolt huet, vermësst hien net wierklech.

Alexandra Oxacelay.JPG
Musikalesch Visitekaart

D'Directrice vun der "Stëmm vun der Strooss" ass Fan vu Musek aus den 80er. Schwéierpunkten an hirer Muskalescher Visitekaart si Rock, Liebeslidder a politesch engagéiert Songs. Si erkläert firwat.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen