Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cassandra Jenkins - Only One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Next Level Soap Opera"

Nina Savary

"Next Level Soap Opera"

An hirer Bergerie an de Corbières, wäit ewech vun allem, huet d'Nina Savary hir Dreem, Fantasien a soss komesch Visiounen a Musek gewandelt. "Next Level Soap Opera" ass en exzentrescht Pop-Wierk vun enger franséischer Musekerin, déi hiren eegene Wee geet.

auto_stories

3 min

Lauschterenplay_arrow


Wéi e komeschen Dram entfaalt sech d'Musek um Nina Savary hirem neie Wierk.

Fantasievoll Excursiounen duerch d'Genren

Et spiert ee sech e bësse wéi d'Alice am Wonnerland. Et verléiert ee seng Repèren an et léisst ee sech op eng magesch Rees an.

"C'est un album assez intime, qui parle de transformation, d'une envie d'ailleurs. C'est un univers assez onirique, une espèce d'univers fantasmé où on pourrait changer un peu de repères et trouver une nouvelle forme de liberté."


Déi méi fantasievoll Pop-Excursiounen aus de 60er a 70er fanne sech an de Kompositiounen erëm. Psychedelesch a kosmesch Elementer cohabitéiere mat experimentellem Pop a franséischer Varieté. Opgeholl mat Leit aus dem Stereolab Donstkrees; der Laetitia Sadier, dem Julien Gasc oder och Marker Starling an Dorian Wood. An dat an engem fréiere Schofstall, a Studio gewandelt, isoléiert an de Bierger tëscht Frankräich a Spuenien.

"C'est une maison de famille. Une ancienne bergerie que mon père a achetée dans les années soixante et qui est devenue une espèce de campo argentin. C'est à dire une maison tentaculaire avec plein de parties différentes, et c'est là où on a installé notre studio avec Emmanuel Mario qui a produit et réalisé l'album avec moi."

Eng ongewéinlech Kandheet

D'Nina Savary ass an enger artistescher Famill opgewuess. Hire Papp ass de franséisch-argentinesche Regisseur a Grënner vun der avant-gardistescher Theatertrupp "Le Grand Magic Circus" an de 60er, wou iwweregens och de surrealisteschen, mystesche Cineast "Alejandro Jodorowsky" matgewierkt huet. Dës ongewéinlech Kandheet fënnt sech deemno och an der Nina Savary hirer virgespillter Musek erëm.

"J'ai été vraiment bercée par cet univers de saltimbanque très cosmopolite. On tournait en caravane avec mes parents, qui jouaient sous chapiteau, on tournait dans le monde entier. Donc j'ai eu une enfance assez rocambolesque. Je peux dire que je suis une vraie enfant de la balle."

Hir Eltere sinn also fir déi artistesch Fräiheet zoustänneg. E Virwëtz fir auszeprobéieren, sech nei ze erfannen. D'Nina Savary ass och net nëmme Musekerin mee och Schauspillerin an Dänzerin. Eng Oppenheet, déi sech och an der Approche zur Sprooch erëmspigelt. Op Franséisch an Englesch gëtt sech ausgedréckt, an esou och op ganz verschiddene Manéieren.

"C'est toujours plus difficile de chanter dans sa langue maternelle je trouve. Surtout le français qui est une langue assez crue. Justement j'ai trouvé très intéressant d'essayer de chanter en français comme si c'était une langue étrangère. De ne pas trop me soucier de cet aspect linguistique. D'essayer de chanter en français sans en faire forcément de la littérature."

"Next Level Soap Opera" ass e poetescht Wierk mat enger gudder Dos Dramatik. Pop Musek déi sech iergendwéi ausserhalb vun Zäit a Raum entfaalt.


Dat ganzt Gespréich mat der Nina Savoryplay_arrow