Radioen

On air

Espresso Beats  |  Pharrell - Caged Bird Free

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ New Beat, "Bläistëfter, déi um Blat danzen" a Paranoia

RadioAktivitéit

New Beat, "Bläistëfter, déi um Blat danzen" a Paranoia

E Samschdeg an der Nuecht ass den Hirsto fir eis um Radio aktiv. De Lëtzebuerger DJ wäert en eklektesche Mix vun House, Ambient an New Beat zesummestellen. Mir hu mam Discogs Aficionado geschwat.

auto_stories

3 min

De Christophe Lux aka Hirsto huet zwou musikalesch Facetten. Engersäits géif hien a senge Radiossendungen an Ambient a Floumaartplacken andauchen. "Ech hunn awer och meng Club-Säit". Do géif hie méi déif an d'90er House Saachen erawulle goen.

Zu Lëtzebuerg kennt een den Hirsto als ee vun den zwee Presentateure vun der fréierer Radio Ara Sendung "D'Nol op d'Plack", zesumme mam Richard Heinemann. Eng Referenz fir déijéineg, déi fir all Zort vun experimenteller Musek oppe sinn.

Radio wier schonn e besonnesche Medium, seet den Hirsto. "Du stees net viru Leit, an awer hues de Kontakt zu engem grousse Public". Am Club hätt een dogéint en direkten Zougang zu senger Audienz, eng Reaktivitéit, déi dem DJ seng musikalesch Selektioun steiert.

"Et ass net elitär"

Dee beschte Feedback wier fir hien, wann d'Leit sech iwwer ee Stéck informéieren. "Ech verroden dat och gären. Ech mengen net, datt et do solle grouss Geheimnisser ginn." Et wier schlussendlech Musek, déi iwwerall ze fanne wier, déi um Floumaart, am Plackebuttek läit. "Et ass näischt, wat elitär soll sinn oder sech ze verstoppen huet."

Am Hirsto senge Produktiounen a Mixe kënnt ëmmer nees seng Léift fir Field Recordings, Ambiancen a Bruitagen ervir. Hie géing an engem Beruff schaffen, wou hien net de ganzen Zäit Musek kéint lauschteren. Do géif ee séier d'Ouer fir aner Saache gewannen. "Du héiers d'Kanner bausse jäizen, d'Bläistëfter um Blat danzen." Et géife ronderëm sech lauter aner auditiv Inputs ginn, déi genee esou beräicherend wéi Musek kéinte sinn.

"Mir ginn ëmmer méi paranoid"

Virun e puer Deeg huet den Hirsto bei sech zu Bréissel e sougenannte "Corona Paranoia Mix" op Soundcloud zesummegestallt. "All Dag mierken ech, wéi mir ëmmer méi paranoid ginn, de Leit ëmmer méi iwwer d'Schëller kucken." Wou hien ugefaangen huet duerch seng Plackesammlung ze goen, huet sech séier e Mix zesummefonnt, déi fir dës hallef-bedréckte Stëmmung representativ ass.

Vu datt den Hirsto elo an der Belsch wunnt, hätt déi New Beat Zäit, déi do Enn den 80er opgebléit ass, e groussen Afloss op hien. "Ech hunn e Faibel fir Saachen, déi éischter vergiess gi sinn, net onbedéngt rar, mee och net onbedéngt bemierkenswäert."

E Samschdeg a senger RadioAktivitéit-Session kéint ee sech deementspriechend op vill New Beat a progressiv Kamelle freeën. Et wier him virun allem wichteg, datt et europäesch Saache sinn, aus den 90er, déi een net vun iergendengem aneren appropriéiert hätt. "Et ass net fir elo US-House vun Afro-Amerikaner nozespillen, mee vläicht dat ze sichen, wat hei an Europa och present war."

Den Hirsto spillt dëse Samschdeg den 21. Mäerz eng RadioAktivitéit-DJ-Session hei um radio 100,7 um 22:08.