Prix de musique Quattropole Neie Präis fir Musiques Actuelles

Illustratioun Quattropole
Foto: michelangeloop

Quattropole ass schonn als Facilitateur vun der zäitgenëssescher Konscht bekannt a vergëtt zënter 1993 all zweet Joer de Prix d'Art Robert Schuman.

Dës Ënnerstëtzung gëtt elo mam Prix de Musique Quattropole, enger ganz neier Iddi, op d'Musiques Actuelles ausgewäit. Am Fréijoer 2019 soll fir d'éischte Kéier eng Artistin, een Artist, eng Band oder ee Kollektiv mat 10.000 Euro ausgezeechent ginn. Den Haaptcritère dofir ass, wéi innovéierend Elementer an Technologien an d'Kompositiounen a Performancen afléisse gelooss goufen.

De Marc Clement huet sech mam Marc Hauser, dem Programmateur vun de Bouneweger Rotonden ënnerhalen, dee mat der Lëtzebuerger Selektioun beoptraagt ginn ass.

An der Mediathéik:

Kultur / / Marc Clement
Lauschteren

Méi zum Thema

Tom Bellion
Touristesaison

Zesumme mat de Stied Tréier, Saarbrécken a Metz wëllt Lëtzebuerg ee gemeinsame Guide touristique ausschaffen. Déi véier Stied schaffen un enger Strategie, fir méi visibel ze ginn, seet den Tom Bellion.

Gaby Peters_Newtons Wiege_web.jpg
Robert Schuman Konschtpräis 2015

De Robert-Schuman-Konschtpräis geet dëst Joer un d'Gaby Peters. D'Installatioune vun der Tréierer Kënschtlerin beschäftege sech mat den Absurditéite vun der zäitgenëssescher Liewenswelt.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen