Funky R&B Projete vun där méi heller Klangfaarf ginn et net vill zu Lëtzebuerg. Ee jonke Lëtzebuerger Museksstudent zu Amsterdam huet de Mangel gespuert an op eng laang verspierte Loscht hi gehandelt. Déi éischt Single "Cool" wuermt sech mat hirer melodescher Bass an engem ausgeklügelten Arrangement an d'Ouer a klengt ganz frësch.
Mateus Wojda heescht de Mann hanner der Musek, fréier Bassist bei All The Way Down, enger punkeg-rockeger Band vu Wolz, déi och deemools schonn a wéinstens engem Song eng kleng Funk-Allusioun prett hat.
Méi gëtt et op der neier Plack vum Tommek ze héieren, wou de Mateus op engem Song mat derbäi ass, bei der Band La Bofia an op der zukünfteger Release vu sengem fréiere Bandkolleeg, Don Piano, dee kierzlech bei de Crazy Quarantine Sessions opgetaucht war. Affaire à suivre.