Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Monophona - Elastic (I Do)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nei Musek fir Chrëschtdag

Chrëschtdagsmusek

Nei Musek fir Chrëschtdag

Vill Gäscht kënnt Dir dëst Joer mat enger gutt recherchéierter Playlist fir d'Feierdeeg net iwwerzeegen. Awer dat verhënnert jo net, datt Dir et net fir Iech selwer maacht. Wie keng Loscht op Wham a Maria Careih huet, deem bitt sech dëst Joer en erstaunlech breede Choix un neier, alternativer Chrëschtmusek.

auto_stories

4 min

Musek fir Chrëschtdag. Foto: Bigstock / Kuzmik

Calexico - Christmas All Over Again

Zum Beispill kënnt Dir Iech vu Calexico déi mexikanesch Sonn ënner de Beemchen zaubere loossen. D'Single-Auskopplung ass eng Reprise vum Lennon-Klassiker " Merry Christmas (War Is Over ) ", dee mat Pedal Steel an Trompetten orchestréiert ass.

Et sinn awer virun allem déi originell Kompositioune vum Tex-Mex Duo, déi an d'Ouer stiechen. Seasonal Shift vu Calexico degustéiert sech gutt bei engem méi exotesche Chrëschtdaagsplat.

Chilly Gonzales - Snow Is Falling In Manhattan

Wien et gär méi klassesch a besënnlech huet, deen ass beim Chili Gonzales gutt opgehuewen. De kanadesche Museker assuméiert dëst Joer seng Léift zum Kitsch.

Am Oktober huet hien e Buch iwwer seng Relatioun zur Musek verëffentlecht, mam evokativen Titel " Enya ". A fir d'Joresenn huet hie sech am Buedmantel un de Fliggel gesat, fir " A very Chilly Christmas " opzehuelen. Bei puer Stécker sinn de brittesche Sänger Jarvis Cocker an déi kanadesch Musekerin Feist dobäi.

The Bird And The Bee - You And I At Christmastime

Wie gär amerikanesch Chrëschtdaagsstandarden an engem modernen a chramanten Indie Pop Sound hätt, ass bei "The Bird And The Bee" gutt opgehuewen. Fir Little Drummerboy konnte si souguer de legendären Drummerboy Dave Grohl recrutéieren.

De kaliforneschen Duo huet Erfarung mat Reprise vu Klassiker, awer och op hirem Chrëschtdaagsopus "Put Up The Lights" fënnt ee léif original Stécker, wéi zum Beispill "You And I At Christmas Time".

Jenn Grant - Ne Ville la Veille de Noël

Bëssen am selwechten Esprit ass och den Album vun der kanadescher Sängerin Jenn Grant. Och si belieft bekannte Klassiker mat hiren zäitgenësseschen Interpretatiounen, un deenen den Indie-Nerd a seng Schwéiermamm kënne Gefale fannen.

Mat engem gudde Schotz Nostalgie, enger dezenter Orchestréierung an hirer magescher Stëmm bréngt si déi néideg Wäermt an Är Stiffchen. Net um Album "Forever On Christmas Eve", dofir awer ëmsou charmant ass d'Standalone-Single "En Ville la Veille de Noël".

Black Pumas - Christmas Will Really Be Christmas

Vill Kënschtler hunn awer kee ganzen Album opgeholl, mee Singelen oder Maxien. Ervirzehiewen ass déi groussaarteg Reprise vum Lou Rawls sengem "Christmas Will Really Be Christmas" vun de Black Pumas.

Den Duo vun Austin haucht dem Song vun 1967 mat sengem gewinnt kraaftvollen, soulege Sound neit Liewen an.

Field Music - Home for Christmas

Éischter syncopéiert an eckeg geet et wéi gewinnt bei Field Music zou. Awer och de britteschen Duo weist sech bei sengem Song "Home for Christmas" vu senger Schokelas-Säit. Mat Bimmelen an herrleche Sträicher-Arrangementer. D'Lidd ass ze fannen op der Compilatioun "Lost Christmas" vum Label Memphis Industries.

Niewent den zwee Bridder vu Field Music sinn dorop aner 9 Indie Kënschtlerinnen a Kënschtler ze fannen. Besonnesch reusséiert ass der Jesca Hoop hir Reprise vum Fleet Foxes Song "White Winter Hymnal".

Girl in Red - Two Queens in a King Sized Bed

Ee Lidd, wat dëse Wanter d'Häerzer wäert un d'Schmëlze bréngen ass "Two Queens In a King Sized Bed" vu Girl in Red. Déi jonk, norwegesch Sängerin huet schonn ëmmer hir Homosexualitéit an hirer Musek thematiséiert.

Dat ass och an hirem Chrëschtdagslidd net anescht. Méi léif gëtt 2020 net méi.