"Room 224" ass ee weidert Zëmmer vum "Sunset Motel", där imaginärer Plaz, wou den Antoine Honorez, alias Napoleon Gold, seng Zäit verbréngt, wann de Schlof net komme wëllt.
Den Track huet eng breet, muusseg Basslinn a vill kleng Synthesizer-Bullen, e bësse wéi een erfrëschend, spruddelegt Gedrénks. D'Zëmmer 224 kléngt sécher net wéi ee Prisong, mee éischter wéi eng Plaz, wou de Museker sech ameséiert huet, wat een héiert.
"Ech si scho laang kee méi, dee vill erausgeet. Ech sinn et gewinnt, vill doheem ze sinn an u menger Musek ze schaffen." D'Fäegkeet, sech säin eegent Gléck ze baken, egal wéi kleng an och a schwierege Momenter, schéngt aus dësem kuerzen Track erauszeliichten.
"Et war mäi fënnefte Versuch. Ech hunn en enges owes nom Iessen ugefaangen, an en du bis 7 Auer moies net méi lassgelooss. (...) D'Theema war wuel de Confinement, mee deen ass fir mech esou omnipresent, datt ech mech net bewosst drop konzentréiert hunn. Ouni dee wier am Moment näischt esou, wéi et ass".
Spannend Collaboratiounen an zweeten Album
Wat d'Zukunftspläng uginn ass beim Napoleon Gold de Kalenner net eidel. Eng Kollaboratioun mam indesche Museker Monsoonsiren ass um Kachen, genee wéi och Produktiounsaarbecht fir ee vun deenen anere Kënschtler op eiser Schlofzëmmerbléck-Kompilatioun. Méi gëtt am Moment nach net verroden. "An da schreiwen ech natierlech och u mengem zweeten Album, dee mir am Moment besonnesch um Häerz läit."
"Room 224" kléngt verspillt a mécht op jiddwer Fall Loscht op méi. Et dierf ee gespaant sinn.