Radioen

On air

Notturno  |  Helena Deland - Claudion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nach eng Rio Reiser-Biographie

Däitsche Rock

Nach eng Rio Reiser-Biographie

Den 20. Abrëll 1996 stierft de Sänger, Komponist, Texter a Frontmann vun "Ton, Steine, Scherben", Rio Reiser, am Alter vu 46 Joer. Siwe Filmdokumentatiounen a grad esou ville Biografie ginn et iwwert d'"Scherben" an de Ralph Mobius selwer, wéi de Rio Reiser richteg heescht. Eng nei Biografie, bréngt dat nach vill? Och wa säi Brudder d'Buch geschriwwen huet?

auto_stories

4 min

De Rio Reiser

Wat gëtt et dann Neies oder Spannendes iwwert de "König von Deutschland" z'erzielen? De Rio Reiser huet als Kapp vun der Agitrock-Band "Ton, Steine, Scherben" an als Solo-Artist, 25 Joer laang déi däitsch Musekszeen mat markéiert. Hien huet provokativ Lidder wéi "Macht kaputt, was euch kaputt macht" geschriwwen, oder éischter melancholesch Téin wéi "Junimond".

De Rio Reiser gëtt bis haut vun de Musekerkollegen appreciéiert. Fir jonk Museker ass en e Virbild. Kuerz gesot: Et ass net villes, wat dës nei Biografie zu bidden huet.

Eng statesch Biografie

Vun engem Insider, wéi dem Gert Mobius, dem Rio Reiser säi siwe Joer méi ale Brudder, hätt ee sech erwaart, datt hien intressant Detailer an Insiderwëssen zum beschte gëtt. Virun allem well déi zwee virun an um Ufank vun der "Scherben"-Zäit, grad ewéi dono, ëmmer nees zesummegeschafft hunn. A si sinn zesummen opgewuess.

Familljegeschichten an dat vill Geplënners an der Kandheet a Jugend ginn op etleche Säite vum Gert Möbius ganz präzis beschriwwen. Mee weder "Tiergarten-Oma" nach "Tante Tilchen" sinn e Gewënn, wann et drëms geet, méi iwwert de Rio Reiser gewuer ze ginn. An datt hien dem Schlager, der Esoterik an der Bibel no stoung, gouf och schonn e puer Mol kolportéiert.

"Halt dich an deiner Liebe fest" kënnt als Buch vun Ufank un net richteg un d'Rullen. Et ass sprock an hëlzen. A wann et bis intressant gëtt, da verléiert de Gert Mobius sech an ze vill Detailer. Wéi bei der éischter däitsch-sproocheger Beat-Oper, e Projet fir deen déi dräi Mobius-Bridder op Berlin gaange sinn, an de Rio Reiser d'Lidder komponéiert huet. Da kënnt den éischten Joint, de Rio out sech als Homosexuellen an d'Möbius-Bridder maache Comic-Theater.

Rio Reiser oder Gert Mobius Biografie?

Et dauert 130 Säite bis emol vun "Ton, Steine, Scherben" Rieds geet. Dono spendéiert den Auteur 80 Säite laang den Op an Of vun der Band, e bëssen "Name-dropping" hei, e puer kleng Skandaler do. Näischt wat ee Rio Reiser-Fan vum Stull rappt.

Studentenonrouen, Terrorismus, Haiserbesetzungen, déi prekär Situatioun zu Berlin vun de 1960er-70er Joere gläicht éischter enger dréchener Geschichtsstonn. Et freet ee sech, firwat de Rio Reiser an d'"Scherben" deemools esou Gas ginn hunn?

De Gert Möbius erzielt virun allem vu sengen Erënnerungen, a stellt seng Leeschtungen an d'Vitrine. De Rio Reiser spillt éischter eng marginal Roll. Wat den Auteur net selwer materlieft huet, ignoréiert hie lässeg oder zitéiert aus der Autobiografie, déi de Rio Reiser 1984 zesumme mam Hannes Eyber geschriwwen huet. Donieft zerwéiert de Gert Mobius sech och am Rio Reiser-Archiv, ëm dat hie sech bekëmmert. E publizéiert ënnert anerem Extraiten aus dem "Tagebuch" dat tëscht 1972 a 74 entstanen ass.

Eng tragesch a magesch Figur

Dës 66-Säite laang Extraite sinn d'Kärstéck vun der 350-Säiten décker Biografie. An dann ass en endlech do: de Rio Reiser, mol poetesch, mol genervt oder och mol bedréckt.

De Rio Reiser huet sech a sengem Tagebuch säi ganze Frust vun der Séil geschriwwen. Seng Zweiwelen, seng Ängschten, seng Scholdgefiller, am Fong de "Blues" oder d'Hoffnungslosegkeet, wéi hien et formuléiert. D'Streidereien an der WG, d'Gestëppels mat der lénker Zeen an d'Opléisung vun der Band ginn doranner thematiséiert. Vermëscht mat senger Geldnout, sengen Dreem an ëmmer nees der Léift.

"Verhungert auf der Suche nach Liebe", soll op sengem Graf stoen. An hie wéilt net als "tragesch Figur" verschwannen, schreift hien. Am Tagebuch fënnt een esou de Rio Reiser: "Nicht meine Hoffnungen, nicht meine Wünsche... Aber die sind, glaube ich, in meinen Liedern." Schreiwen ass fir hie Magie an "Jeder Komponist ist ein Magier, ob er es nun weiß oder nicht."

Alkohol, Drogen, onglécklech a manner onglécklech Relatiounen, de fréien Doud: De Rio Reiser ass eng tragesch, awer och magesch Figur. Seng Lidder an deenen sech seng Hoffnungen a seng Wënsch erëmspigelen, si säi Vermiechtnes.

"Halt dich an deiner Liebe fest", Biografie vum Gert Möbius iwwert de Rio Reiser ass am "Aufbau Verlag" eraus komm.