Sonic Visions 2019 Musikalesch Visioune wierklech maachen

De Sonic Visions ass eng Kombinatioun aus Showcase-Festival a Konferenz, dee ganz dem musikaleschen Nowuess gewidmet ass. An engem Esprit vun Echange - well all Joer komme Professioneller, Förderassociatiounen an nei Talenter fir dräi Deeg an d'Rockhal, fir Kontakter ze knäppen, iwwer de Stand vun der Industrie ze schwätzen, ze informéieren an Tuyauen auszetauschen.

Mike Tock / Marc Clement / cbi

Sonic Visions

D'Programmatioun gëtt no neien Tendenzen erausgesicht, wou dëst Joer déi nei Jazz-Mouvancen an den Hip Hop am Virdergrond stinn. Och Elektro, Indie a Singer-Songwriter stinn ëmmer nach héich am Cours. Dëst gëllt fir déi international Bands, wéi och fir di Lëtzebuerger Selektioun, an där mer den Chaild, d'Choppy Bumby Peaches, .klein, Tuys an d'Christina Kalyss fannen.

International Highlights vun der Programmatioun sinn Ezra Collective aus dem vereenegte Kinnekräich an de One-Man-Band-Phenomeen Nate Wood-fOUR, niewent villen Decouverten aus den europäesche Reseauen.

Konferenze fir sech auszetauschen

Konschtinstallatiounen an ee VR-Pavillon schafen de Kader fir ee räiche Programm u Panels a Workshops, déi motivéierte Museker a Museksprofessionellen d'Enjeue vun der Industrie méi no bréngen a praktesch Kenntnisser mat op de Wee ginn: vu Booking-Informatioune bis hin zu enger Sound Design Masterclass.

Mat Spannung dierft een d'Keynote vum Pedro Winter erwaarden, dem laangjärege Manager vum franséischen Elektro-Duo Daft Punk. Grouss Nimm inspiréieren, mee um Enn sinn et déi reegelméisseg Networking-Eventer, déi hei déi Lëtzebuerger Musekszeen mam noen a méi wäiten Ausland verbannen. Een thematesche Schwéierpunkt ass dëst Joer och d'Bildvertounung an all hire Formen.

De radio 100,7 ass op der Plaz

D'Museksredaktioun vum 100,7 ass de Freideg vun 8 bis 10 Auer owes live fir Iech um Sonic Visions mat dobäi.

Fir d'Concerte sinn iwwregens nach Plazen ze kréien. Déi ganz Programmatioun fannt Dir op www.sonicvisions.lu.


Lauschtert den Interview mam Sam Reinard a Paul Bradshaw vun der Rockhal hei.

An der Mediathéik:

Backstage / / Mike Tock
Lauschteren

Méi zum Thema

De Skibi um Chop Chop Chop
Subkulturen

D'Rockhal huet e Festival organiséiert, fir d'Lëtzebuerger Hip Hop Zeen ze feieren. Rap ass zu Lëtzebuerg sou populär wéi nach ni. Allerdéngs ass de Grand-Duché bei dësem Trend hannendran.

Les Nuits
Musek an der Groussregioun

Eng knapps Autosstonn vu Lëtzebuerg ewech ass dëse Weekend e gemittleche Festival mat groussen Nimm aus der Indie-Zeen. De Kader ass besonnesch: D'Concerte gi quasi all an enger Kierch iwwer d'Bühn.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen