Radioen

On air

Notturno  |  Bonnie "Prince" Billy - I Am The World's Greatest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musikalesch Kreativitéit wärend der Pandemie

Riicht Eraus

Musikalesch Kreativitéit wärend der Pandemie

Ofgesote Concerten an Tournéeën an existenziellen Drock hunn zanter Ufank vun der Pandemie hir Spueren hannerlooss. Wéi hu Museker a Musekerinne sech nei erfonnt a wéi evoluéiert hir Kreativitéit ënner dësen aussergewéinlechen Ëmstänn? Et diskutéieren d'Singer-Songwriterin Karma Catena, den elektronesche Museksproduzent Andrea Mancini, den Neo-Folk Museker Jérôme Reuter an déi zäitgenëssesch Komponistin Catherine Kontz.

auto_stories

3 min

Fir den Andrea Mancini alias Cleveland ass wéinst der Pandemie direkt emol eng Tournée a China ausgefall. De Jérôme Reuter konnt de 15. Anniversaire vu sengem Projet Rome net feieren, mat 100 ofgesote Concerten.

An deem Vakuum ass en Drock entstane musse produktiv ze sinn, esou den Andrea Mancini:

"Jiddereen huet op Instagram geschriwwen, elo hu mer Zäit kreativ ze sinn, mee mat deem ganze Stress, der ganzer Dystopie, weess ech net wou een do Kreativitéit fënnt. Och einfach de Fait sech Suergen ze maache wéi Sue sollen erakommen. Dat huet missen op d'Säit geluecht gi fir no anere Solutiounen ze sichen."

D'Karma Catena alias C'est Karma huet op hirer EP Farbfilm, déi si wärend dem Confinement produzéiert huet, sech an e Synthesizer erageschafft, de Jérôme Reuter huet seng Roserei, säi Frust um Album "Parlez-Vous Hate?" erausgelooss.

Navigatioun à vue

Release konnten net richteg gefeiert ginn. D'Interaktivitéit mam Publikum ass méi distant ginn. D'Moral war op alle Fall ugeschloen, esou déi zäitgenëssesch Komponistin Catherine Kontz:

"Vill Leit hu wéi eng Trauer a sech, fir all di Saachen déi net geschitt sinn, all déi Saachen, déi een am Kapp huet a gär wéilt maachen op der Bün, oder weisen oder virstellen, déi een einfach net kann esou maache wéi en dat an der aler Welt konnt maachen."

Iergendwéi misst ee versichen als Artist doriwwer ewechzekomme fir einfach dat Positiivt ze huelen, dat bescht draus ze maachen, esou d'Catherine Kontz. Fir d'Karma Catena huet d'Situatioun bei hir nach emol bestätegt, datt si Musek weiderhi maache wëll. Den Ament misst ee sech an där ganzer Ongewëssheet eben mat "navigation à vue" zefridde stellen.

"Ech menge mir sinn all op engem Punkt wou mer ganz virsiichteg Pläng maachen, awer trotzdeem éischter weider kucke wann et bis méi konkret gëtt, well et einfach immens schwéier ass virauszegesi wéi laang dat nach geet."

"Eng ganz Infrastruktur geet vreckt"

D'Kreativitéit selwer hätt net direkt ënner der Pandemie gelidden. Séier ass sech adaptéiert ginn.

De Virwëtz ass duerch Recherchen, nei Instrumenter, Residenzen a Concoursen erhale bliwwen. Den Andrea Mancini huet codéiere geléiert. D'Catherine Kontz huet hir Kenntnisser iwwer japaneschen Nō Theater opgefrëscht. Et wier ëmmer spannend nei Saachen ze entdecken. Dat géif och keng Pandemie stoppen, esou d'Komponistin.

Trotzdeem wier ze ënnersträichen, datt d'Realitéit ganz batter ass. Virun allem fir déi Leit iwwer déi an hirem Secteur manner geschwat géif ginn, nämlech d'Techniker, d'Leit ronderëm der Bün, esou de Jérôme Reuter.

"Et ass grad alles niddergebrannt. Mir kënne weiderhi gutt gelaunt eisen Déngen hei weiderzéien, an dat maache mer och well mer Kënschtler sinn. Mir halen elo net op well mer e schlecht Joer hunn oder zwee. Mee et ass eben eng ganz Infrastruktur, déi grad vreckt geet."