Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Say Yes Dog - On And On

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Musek: Keen Exportstopp trotz Corona-Schleekentempo

Musek

Lëtzebuerger Musek: Keen Exportstopp trotz Corona-Schleekentempo

D'Promotioun vun de Lëtzebuerger Museker geet virun bei MusicLX, och wann d'Pandemie no e puer Upassunge verlaangt huet.

auto_stories

1 min

Ee groussen Deel vun der Ënnerstëtzung, déi Music:LX ubitt, huet mat Live-Optrëtter ze dinn, mam Placement vu Gruppen a Showcase-Festivalen, mam Organiséiere vun eege Showcases an der mise en relation vu Museker mat Bookeren a Festivalen, esou den Giovanni Trono, Direkter vun der Struktur.

De Move online war een Trend, deen een zum Wuel vun de Museker huet misste matverfolgen. Am Plaz Touring-Finanzementer hunn op eemol vill méi Bands Online-Content gebraucht, an heifir goufe Budgeten ëmdisponéiert. Mee och als Initiateur ass vu MusicLX verlaangt, ze streamen, wéi den Online-Showcase-Festival Shuffle dëst Joer wäert weisen.

Lauschtert dat ganzt Gespréich mam Giovanni Trono, Direkter vu Music:LX:

Lauschterenplay_arrow