Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Gesetz: Lockerunge fir Museker

Corona-Kris

Covid-Gesetz: Lockerunge fir Museker

De 25. Juli soll en neit Covid-Gesetz déi zwee aktuell ersetzen. Am Gesetzprojet soll keng Masken- oder Distanzflicht méi fir Museker gëllen, just nach fir de Publikum. Den Jamie Reinert huet mat e puer Representanten aus dem Musekssecteur geschwat.

auto_stories

4 min

Zanter Mëtt Juni sinn divers Proufsäll erëm op, a Verschiddener haten d'Chance schonn en éischten offizielle Concert zanter dem Ufank vum Confinement ze spillen. Dat natierlech ënner spezifesche Konditiounen.

De Joé Haas, Chargé de mission fir Musek am Kulturministère, erkläert, datt wa Museker op der Bün spillen, misste se zwee Meter Distanz anhalen. Wann dat net séchergestallt ka ginn, misste se eng Mask undoen.

Pragmatesch Léisungen

Konditiounen, déi ëmmerhin nach e staarken Impakt op d'Musizéieren hunn. Notamment an engem groussen Orchester, wou en eenheetleche Klang staark vun der Proximitéit vun de Museker ofhänkt. An dach war de Concertsmeeschter am OPL, de Philippe Koch, vum Orchester hire rezenten Opféierunge positiv iwwerrascht, och wann et net esou gutt gewiescht wier wéi ënner den normalen Ëmstänn. Et géif stéieren, ëmmer Ofstand mussen ze halen, mee jiddweree misst eben dat Bescht draus maachen.

D'Distanz tëscht de Museker am Toun opzefänke wier also eng komplizéiert Affär. D'Museksveräiner uechtert d'Land hu sech do och missen un déi aktuell Situatioun upassen, esou den André Heinen aus dem Verwaltungsrot vun der UGDA. Bei grousse Veräiner wier dat méi schwéier gewiescht. Eng Léisung wiere Regësterprouwe gewiescht, wou da beispillsweis d'Blechbléiser zesumme geprouft hunn. Dat wier awer eng aner Qualitéit, wéi wann de ganzen Ensembel zesumme prouft.

D'Méiglechkeet géif natierlech bestoe fir eraus op d'Wiss prouwen ze goen. Allerdéngs wäert déi Optioun spéitstens Enn September net méi praktikabel si wann et ufänkt dobausse méi frësch ze ginn.

Den Accent läit op der Eegeresponsabilitéit

Rezent stoung de Museker Pol Belardi och mol erëm mat enger Formatioun op enger Bün. Eng Konditioun heivir wier gewiescht, datt nëmmen ee Bléiser an ee Sänger op der Bün dierft sinn. "Dat sinn natierlech Limitten." Fir verschidde Leit a Projete géif dat den Aus bedeiten, "dat ass jo natierlech relativ schwéier", esou de Pol Belardi.

Dat neit Gesetz, dat Enn dës Mounts gestëmmt soll ginn, reglementéiert haaptsächlech, wéi et am Public ausgesäit: datt déi néideg Distanzen, Sécherheet an Hygiènesmesuren agehale ginn. Fir Museker, grad ewéi aner Persounen, déi eng kulturell Aktivitéit ëffentlech ausféieren, a Sportler, sinn dogéint méi Lockerunge virgesinn.

Onofhängeg vun der Unzuel u Museker op der Bün ass Masken an d'Distanzflicht net méi fir déijéineg obligatoresch, esou den Text. De Joé Haas, Chargé de mission fir Musek am Kulturministère erkläert, datt e groussen Accent op d'Eegeresponsabilitéit geluecht gi wier. "Ech mengen, dat muss jiddweree verstoen, an dat versteet och jiddwereen."

Professioneller an Amateuren

D'Argument hanner dëser Lockerung fir Museker ënner anerem ass, datt déijéineg op der Bün bekannt sinn. Falls ee vun hinnen infizéiert soll ginn, da wier et einfach en Tracing ze maachen, vu datt et hei eng limitéiert Unzuel u Persoune gëtt, déi op enkem Raum sinn.

Den André Heinen vun der UGDA gesäit perséinlech dat neit Gesetz positiv. Am éischte Gesetz wier just virgesinn, datt just Professioneller op der Bün wieren, mee zu Lëtzebuerg géif eng Mëschung vun Amateuren a Professioneller op der Bün stoen. Fir den André Heinen géif et mam neie Gesetz also méi Fräiheete ginn.

Zeréck an d'Normalitéit

Am Allgemenge wier een awer drop gefaasst, datt d'Situatioun sech ëmmer nees ännere kéint, esou de Philippe Koch, Concertsmeeschter am OPL. Et géif zwar nach ëmmer eng Onsécherheet ginn, mee de Philippe Koch hofft, datt déi nei Saison genee sou ufänke ka wéi geplangt.

Op alle Fall wier ee frou erëm iwwerhaapt kënnen op der Bün ze stoen. Mee Eegeverantwortung geet da warscheinlech och nëmmen esoulaang gutt, bis datt en ongléckleche Fall do ass, esou de Pol Belardi. 100 Prozent géif een dat jo och net an de Grëff kréien. Et géif ëmmer e gewësse Risiko ginn, deen een awer "iergendwéi muss mat a Kaf huelen".

"Dat totaalt Aspären doheem, dat geet eng Zäitlaang gutt, mee iergendwann hëlt awer all raisonnabele Mënsch dee klenge Risiko a Kaf a probéiert normal ze liewen. Well wann dat net de Fall ass, wat ass dat da fir e Liewen, wat bleift dann nach Recht vun deem, wat mir wëllen, wat mir fillen, wat mir wëllen expriméiere vun eiser Passioun a vun eisem Wiesen?"