Cleveland "Musek muss touchéieren"

De Cleveland verbënnt seng privat Reesen ëmmer mam Berufflechen. Am Oktober dëst Joer tourt hien duerch Mexico. Südamerika wier begeeschtert vun elektronescher Musek aus Europa. Zu Lëtzebuerg wier net wierklech e Public fir sou Musek. Als DJ hätt een net déi beschten Opportunitéiten.

Tessy Steffen Koenig

Cleveland
Mysteriéis an awer ganz oppen ass de Lëtzebuerger Museker Cleveland

"Et geet besser international, wéi national," seet den Andrea Mancini, deen zanter 2012 hannert dem Projet Cleveland stécht. Lëtzebuerg wier ze kleng fir vill Representanten vun der elektronescher Musek ze hunn. Am Géigesaz zu Lëtzebuerg blitt d'Zeen momentan a Südamerika op. "Et ass vibrant an et ass eng nei Energie do. Dat heescht och, datt d'Opportunitéite fir Optrëtter a Cluben erop ginn." Ausserhalb vun de grousse Stied an Europa géifen et streng Restriktioune ginn. "Elektronesch Musek huet ëmmer nach e schlechte Ruff wéinst Drogen an aneren illegale Substanzen. Vläicht gesinn d'Leit et dowéinst och nach net als Kultur un."

"Ech wëll gär stolz sinn op meng Musek"

Cleveland wëll Musek maachen, mä sech selwer trei bleiwen. "Ech sinn zimlech selbstkritesch. Beim Schaffe sinn ech ëmmer enthusiastesch a gläichzäiteg depriméiert, well ech d'Gefill hunn, ni fäerdeg ze sinn." Seng Approche wier et, am Ufank e Maximum u Couchen ze kreéieren an d'Musek dann op e Minimum ze reduzéieren. "Einfach Musek, déi touchéiert, ass fir mech déi beschte Musek."

Mëttlerweil produzéiert de Cleveland all Dag, sou wéi aner Leit schaffe ginn. "Ech schaffen elo vun néng Auer Mueres bis sechs Auer Owes. Heiansdo sinn ech och an engem kreative Lach. Dann däerf een net opginn, mä et muss een all Dag dru bleiwen." D'Majoritéit vun de Lidder, déi hie géif maachen, géifen am Tirang verschwannen. "Du muss och Musek fir dech selwer maachen."

Enn Juli kënnt eng nei EP vu Cleveland beim US-amerikanesche Label ESP Institute vu Los Angeles eraus an Enn September ass eng weider Release bei Hivern Discs geplangt, e Label aus Barcelona.

Méi zum Thema

Cleveland
Elektronesch Musek

Hie verëffentlecht op renomméierte Labelen a spillt a bekannte Cluben. Elo cibléiert hien déi grouss europäesch Festivalen. De Produzent Cleveland vertrëtt Lëtzebuerg beim Eurosonic. Ee Gespréich.

Cleveland
Elektronesch Musek

De Produzent Cleveland wäert am Januar um Eurosonic Festival optrieden. De radio 100,7 huet den Artist fir dee wichtege Showcase-Event selektionéiert. Dësen Optrëtt kéint him grad nach gefeelt hunn.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen