Nei Rubrik a Resonanzen Musek fir ze deelen

Fënnef MusekerInnen deele mat eis hir Musek. Am Kader vun der Emissioun Resonanzen presentéiere si Stécker, déi si am Kader vun der COVID-19-Pandemie gäre mat hire Matmënsche géifen deelen.

Luc Boentges

Militärmusek

"Ech sinn den/d' ... an ech wëll d'Stéck ... mat Iech deelen." Musek huet net nëmmen d'Kraaft, Leit zesummenzebréngen, mee se huet och fir ee selwer eng ganz perséinlech Bedeitung. De radio 100,7 proposéiert dofir Musekerinnen a Museker eng Plattform, fir e Stéck ze presentéieren, dat si am Kader vun der COVID-19-Pandemie gäre mat hire Matmënsche géifen deelen. Déi nei Rubrik leeft am Kader vun der Emissioun Resonanzen.

Danielle Roster

D'Danielle Roster ass Musekologin a schafft fir de CID-Fraen an Gender. Si deelt gären der Rebecca Clarke hire Pianotrio, well d'Komponistin engersäits nach zimmlech onbekannt ass a well hiert d'Stéck op déi aktuell Situatioun passt.

Lauschteren

Jean-Claude Braun

Der schwedescher Kultband ABBA hir Musek ass nach ëmmer ganz populär, sécher och duerch de Musical "Mamma Mia". Arrangementer fir Orchester vun de schéinste Melodië vun der Pop-Grupp ginn et der vill. Den Dirigent vun der Militärmusek, de Majouer Jean-Claude Braun, verbënnt domat e flott berufflecht Erliefnes: e grousse Concert um Parvis vum Neimënster mat enger flotter Beliichtung an der herrlecher natierlecher Fielskuliss.

Lauschteren

Anne Galowich

Mam Stéck "Les idées heureuses" aus dem François Couperin senge Pièces de clavecin verbënnt d'Anne Galowich eng ganz besonnesch Erënnerung aus hirer Jugend. Gläichzäiteg ass et e Stéck, dat d'Cembalistin eréischt méi spéit deite konnt. Si erkläert dës Bedeitung an deelt gläichzäiteg och hir ganz perséinlech Idées heureuses.

Lauschteren

Carlo Jans

Grënner a Chef vum internationale Forum fir Flütt a Piano zu Dikrech, Doctor in Arts vun der Akademie zu Lodz, Dirigent a Professer fir Flütt am Stater Conservatoire - de Carlo Jans ass e villsäitege Museker, dee seng Leidenschaft an dësen aussergewéinlechen Zäiten och mat eisen Nolauschterer wëllt deelen an hinne Freed a Courage maachen.

Lauschteren

Sabine Weyer

D'Sabine Weyer ass Pianistin a schafft als Professorin um Stater Conservatoire. Si deelt gären d'Kantat "Gottes Zeit ist die alleberste Zeit" vum Johann Sebastian Bach.

Lauschteren

Méi zum Thema

Hélène Boulègue
Musek

Eng Intégrale mat der Musek vun engem Komponist, dee selwer net Flüttist war, fir d'Instrument awer eng Sympathie hat, dat huet d'Hélène Boulègue gereizt. Elo huet si den zweeten Album publizéiert.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen