Radioen

On air

Notturno  |  Treasure Chest At The End Of The Rainbow - Snake Eyes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Musek fir dronkeg Deeg

Neien Album vun The Notwist

Musek fir dronkeg Deeg

No 30 Joer Karriär maachen The Notwist ee vun hire stäerksten Albumen. "Vertigo Days" ass eng poetesch Ausenanersetzung mat der Realitéit. D'Museker verschaffen Isolatioun, Pandemie an Nationalismus zu engem positive Gesamtkonschtwierk. Et ass eng Invitatioun fir vun enger besserer Welt ze dreemen.

auto_stories

3 min

Siwe Joer ass et hir, datt de leschten Album "Close To The Glass" vun The Notwist erauskoum. Awer déi dräi Bandmemberen waren an der Tëschenzäit bei anere Projeten aktiv, hu mat ganz ënnerschiddleche Musekerinnen a Museker kollaboréiert, a virun allem hu si op Soundtracke geschafft.

Dat héiert een um neien Album: en huet eng staark cinematographesch Komponent, et ass een duerchgoende musikaleschen Trip, béi deem d'Lidder fléissend aneneen iwwerginn. An et gëtt vill Fudder fir de Kappkino.

Wat den Album auszeechent, ass säin immense Räichtum. Et gi Momenter, déi un The Notwist aus de fréien 2000er erënneren. Dann, wann dem Markus Acher seng Stëmm mat agebauter Melancholie zu Lagerfeier-Gittar an dezenten elektronesche Beats séngt. Et ginn awer och Momenter, déi vill méi experimentell sinn, wou Krautrock a Minimal Music den Toun uginn

Kee Patchwork

Ausserdeem hunn déi dräi Museker eng ganz Rëtsch Invitéen derbäi, vun der japanescher Sängerin Saya bis bei déi amerikanesch Jazz-Musekerin Angel Bat, och dat suergt fir eng ganz breet musikalesch Palett.

Anescht wéi ee kéint fäerten, ginn déi vill verschidden Aflëss net op d'Käschte vun der Koherenz. Vertigo Days ass e ronnt Gesamtkonschtwierk ginn. Et wierkt zu kengem Moment wéi e Patchwork, mee et gëtt een als Nolauschterer duerch eng spannend musikalesch Rees geleet.

Kloer, et ass eng Achterbunn vun de Gefiller, et kënnt een op Plazen, déi net ëmmer einfach ze verdaue sinn, mee et gëtt een dofir ëmmer nees mat wonnerschéine Momenter belount. Dissonanze sinn eng wichteg Komponent an der Musek vun The Notwist, et deet awer zu kengem Moment wéi.

Wéi zum Beispill bei "Oh sweet fire", wou den amerikanesche Museker "Ben LaMar Gay iwwer eng Verléifte Koppel séngt, déi bei enger Demonstratioun mat marschéiert.

E politeschen Album

Net nëmmen do gëtt déi politesch Komponent vu Vertigo Days däitlech. De Fait, datt déi dräi Bayern hire Projet opmaache fir Invitéen aus aller Welt ass en Appell fir Statement. De Markus Acher seet, datt politesch a gesellschaftlech Entwécklungen, déi wärend dem kreative Prozess geschitt sinn, e groussen Afloss op den Album haten. "Alles gëtt ëmmer méi konservativ an nationalistesch. Iwwerall" - seet hien dem ARD-Magazin TTT.

Vertigo Days reflektéiert déi global Onsécherheeten, déi mir am Moment erliewen. Duerch d'Pandemie kritt et natierlech nach eng zousätzlech Drénglechkeet. Op eemol geschéie Saachen, déi een ni fir méiglech gehalen hätt. Op eemol ass näischt méi kloer... Awer et geléngt de Museker, dat op eng ganz poetesch a positiv Manéier ze verschaffen. Den Album feiert d'Léift an den Zesummenhalt, a weist Perspektiven aus der Isolatioun.

"Vertigo Days" ass eng vun de beschten Aarbechte vun The Notwist. Ech hätt net geduecht, datt si no 30 Joer Band-Karriär nach eng Kéier sou e staarken Album géifen ofliwweren. Am beschte lauschtert d'Wierk sech am ganzen, et sollt ee sech déi néideg Zäit huelen dofir.