Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Michelle David & The Gospel Sessions - Yes I Am

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “Musek ass Natur”

Den Toshio Hosokawa zu Lëtzebuerg

“Musek ass Natur”

Den Ëmgang mat der Natur ass eent vun de groussen Themen am Toshio Hosokawa sengem Wierk, grad wéi d'Literatur. Fir säin neisten Wierk „Nach dem Sturm“ huet de Japaner ee Gedicht vum Hermann Hesse als Virlag genotzt. Datt d'Europapremière vun dësem Opus zu Lëtzebuerg war, läit dorun, datt hien hei am Land scho laang keen Onbekannte méi ass. De Guy Engels huet den Toshio Hosokawa getraff.

auto_stories

4 min

Toshio Hosokawa: „Japanesch Kënschtler sichen zanter jeehier duerch hir Wierker de Kontakt mat der Natur" (©Biennale Bern)

Nodeems den Ensemble United Instruments of Lucilin ee „Concert Portrait“ mam Hosokawa senge Wierker organiséiert hat, hunn de Kontakt an Zesummenaarbecht sech verdéift. D’Resultat dovu war de Monodrama „The Raven“, eng Commande vu Lucilin. No der Uropféierung 2012 zu Bréissel hat den Toshio Hosokawa den Ensemble dunn a Japan invitéiert, wou “The Raven” fir de Label Naxos op CD enregistréiert gouf. „Mir wäerte mat eiser Collaboratioun weiderfueren", verréit de japanesche Kënschtler. E konkrete Plang fir déi weider Zesummenaarbecht gëtt et awer nach net.

Eng méi staark Wierkung duerch Wierder

„The Raven“ baséiert op enger Ballade vum Edgar Allen Poe, an och dat neit Wierk „Nach dem Sturm“ baséiert op enger literaresch Virlag: ee Gedicht vum Hermann Hesse. „Duerch den Text kritt een eng méi enk Verbindung mam Publikum. Mat reng abstrakter Musek ass dat net ëmmer esou einfach“, mengt den Toshio Hosokawa. Am Ufank vu senger Carrière hätt hie virun allem Instrumentalmusek geschriwwen. Duerch ë sëllechen Operecommanden huet den Toshio Hosakawa sech awer ëmmer méi dacks mat Literatur ausernanergesat.

Am Hermann-Hesse-Gedicht „Nach dem Sturm“ geet et ëm Blummen, déi vum Wand geknéckt goufen an duerno op Luucht gammsen, op d’Hoffnung, sech nees kënnen opzeriichten.

Fukushima: "Usiichten iwwer de Mënsch an d'Natur revidéiert"

„Nom Tsunami an der Fukushima-Katastroph vun 2011 hunn ech meng Usiichten iwwert de Mënsch an d’Natur revidéiert, an dat mierkt een och a menger Musek“, sou den Toshio Hosokawa. An der Kompositioun „Klage“ ware just Katastrophen an Trauer ze spieren. „Ech wollt den Thema och emol anescht behandelen, net nëmme vun Zerstéierung an Depressioun verzielen, mee och vun der Hoffnung“.

Dobäi géif et eigentlech no Fukushima keng Ursaach ginn, fir optimistesch ze sinn. 2011 war fir den Toshio Hosokawa ee grousse Schock – grad fir hien, deen 1955 zu Hiroshima gebuer gouf. Eigentlech missten d’Japaner géint d’Atomenergie sinn, mee si fueren einfach virun“, seet de Kënschtler.

"Wann ech sangen, dann ass dat och Natur“

D’Mënsche géifen d’Natur zerstéieren an domadder eng ural japanesch Liewensweis opginn: eens ze si mat der Natur. An domat si mer rëm beim Toshio Hosokawa sengem groussen Thema. „Japanesch Kënschtler sichen zanter jeehier duerch hir Wierker de Kontakt, d’Eenheet mat der Natur. Mir sinn als Mënschen een Deel dervun. Wann ech sangen, dann ass dat och Natur“. Am Ablack kéim hien sech e bësse verluer fir a wéisst net, wat hien als Kënschtler nach bewierke kéint.

Duerch d'Attentater vu Paräis kritt dem Toshio Hosokawa säin „Nach dem Sturm“ nach eng ganz aner Dimensioun. Grad wéi beim Tsunami wiere vill Doudeger ze bekloen. Wann am éischten Deel vum Wierk den Orchester eleng de Stuerm, déi zerstéieresch Kraaft vun der Natur illustréiert, da keimt am zweeten Deel d’Aussiicht op Erléisung op. „Jidder Mënsch soll säi Fridde fannen“.

Nei Oper

Den Toshio Hosokawa huet och eng nei Oper geschriwwe „Stilles Meer“, an däer et ëm eng mënschlech Tragedie geet. Eng Fra huet hire Mann an hire Jong bei engem Tsunami verluer a probéiert, mat der Situatioun eens ze ginn. D’Première vu „Stilles Meer“ ass de 24. Januar 2016 an der Staatsoper zu Hamburg.

Lauschtert den Interview vum Guy Engels mam Toshio Hosokawa: