Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - River Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Musek ass eng Waff

World

D'Musek ass eng Waff

Spannend politesch Protestlidder aus Afrika komme vum Tiken Jah Fakoly a vum Lapiro de Mbanga. D'Tita Nzebi war rezent am 100,7-Studio. An hire Lidder geet et och ëm déi ëmstridde lescht Wahlen am Gabon.

auto_stories

3 min

D'Tita Nzebi am Studio 7 vum Radio 100,7. Si gouf begleet vum Ivan Rechard um Bass an dem Serge Ananou op der Gittar.

Grousst Virbild fir déi meescht Museker vum afrikanesche Kontinent ass den 1997 verstuerwene Nigerianer Fela Kuti. Hien huet sech mat de wäisse Kolonialhären, wéi och mat de schwaarze Militärregierungen a sengem Heemechtsland ugeluecht an domadder vill Museker encouragéiert, hir Stëmm géint Mëssstänn z’erhiewen.

Tiken Jah Fakoly (Côte d’Ivoire)

No der Publikatioun vu sengem Album "Francafrique" mat kriteschen Texter géint de Regime huet den Tiken Jah Fakoly seng Heemecht 2003 verlooss. No Mordmenacen huet hien ëm säi Liewe gefaart. A senge Lidder verschount de Sänger och déi fréier Kolonialmuecht net, déi besonnesch wirtschaftlech um ganzen afrikanesche Kontinent aktiv ass an dofir dacks ewech kuckt wann et ëm d'Mënscherechter geet, esou de populäre Reggae-Star.

Den Tiken Jah Fakoly huet de Reggae als Musekgenre geholl fir seng Texter z’ënnerleeën, hie séngt haut gréisstendeels op franséisch, fir säin Uleies méi verständlech ze maachen. A senge Lidder hëlt hien gezielt Situatiounen a Personnagen ënnert d’Lupp: "Le Balayeur Balayé" handelt vum Generol Guëi, deen a sengem Land geputscht huet an duerno selwer huet missen d’Muecht an engem weidere Putsch ofginn.

Hie mécht och op allgemeng Problemer an Afrika opmierksam, besonnesch op Korruptioun an op d’Ännerunge vun der Verfassung: D’Verlängerung vun de Presidenten-Mandater wier déi neisten "trouvaille" vu ville Regimmer fir sech net mussen demokratesche Walen ze stellen.

Lapiro de Mbanga (Kamerun)

De Lapiro de Mbanga krut wéinst sengem Lidd "Constitution constipée" 2008 Problemer mam Regime vum Paul Biya am Kamerun. An engem Land wou den Analphabetismus héich ass, kënnt dem Lidd an de geschwaten Texter eng besonnesch Bedeitung zou: Op dës Manéier kënnen och Leit, déi weder liesen nach schreiwe kënnen, informéiert ginn.

Mat ganz rhytméiertem Makossa - engem beléifte Genre am Kamerun - huet de Kënschtler senger Roserei Loft gemaach: Säi Land hätt e schlechte Stullgank séngt hien, d’Verfassung wier verstoppt a géif net méi funktionnéieren. Dat géif de Leit um Pouvoir et erlaben, d’Mënscherechter net ze beuechten a sech perséinlech ze beräicheren.

De Kënschtler koum doropshin fir dräi Joer an de Prisong, wou hien den Typhus opgeraf huet. Eréischt op internationalen Drock vu Mënscherechtsorganisatioune hin koum hie fräi. 2014 ass hien un de Suitte vu senger Krankheet am Exil an den USA gestuerwen.

Tita Nzebi (Gabon)

D'Tita Nzebi hirersäits setzt de musikalesche Protest a géint déi ëmstridde lescht Wahlen am Hierscht 2016 an hirer Heemecht. Hei regéiert de Clan vum President Ali Bongo zanter Joerzéngte regéiert. No kontestéierte Wahlresultater esouguer d'EU a Frankräich hir Bedenken ausgedréckt hunn.

Och huet de President gläich e puer Gebuertsschäiner fir seng Kandidatur bei der Wahl-Kommissioun agereecht. Wéi dogéint protestéiert gouf, huet den Ali Bongo eng weider Kommissioun agesat déi iwwert d’Rechtméissegkeet vu sengen Dokumenter ofgestëmmt huet: Mam Resultat, dass alles an der Rei wier.

Den Opstand op der Strooss gouf vum Militär bluddeg niddergeschloen an de Géigekandidat Jean Ping huet ëm säi Liewe misse fäerten. Dat läscht Wuert schéngt nach net geschwat ze sinn, besonnesch wëll d’Europäesch Unioun mat de verschiddene Parteien am Gespréich ass.

D'Tita Nzebi war Invitée bei eis am Studio an huet do ë.a. hiert Lidd "Gabon, Démocratie Inavouée" an akustescher Versioun gespillt.

An eiser Mediathéik fannt dir och den éischten Deel vun der Emissioun.