Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir musse produktiv bleiwen"

Schlofardi

"Mir musse produktiv bleiwen"

Wéinst dem Coronavirus gëtt uechter d'Land a modesten Home Studios geknéchelt, live-gestreamt an online collaboréiert. Dorënner och e verschlofene Pol Belardi, deen elo am Fréijoer als verjazzte Beatmaker opbléit.

auto_stories

2 min

Dem Pol Belardi seng Kreativitéit ass duerch d'Covid-19-Pandemie net beanträchtegt ginn. E puer Sessions goufe scho live gestreamt, mat sengem Afrobeathoven Projet oder och mam Pianist Arthur Possing an Drummer Pit Dahm.

Ënner dem Numm "Schlofardi" liwwert hien dogéint hausgemaachte Beats, déi mat lässegen Jazz Harmonien a schaarfe Sounds gepeffert ginn. "Ech hu geduecht, ech géif aus der Nout eng Dugend maachen." Et hätt ee jo elo Zäit nei Saachen auszeprobéieren. Als Schlofardi gëtt hie sech senger Léift fir "Lo-Fi Glitch Hop, vun J Dilla bis Flying Lotus mat méi jazzy Elementer" hin. Deen een oder anere Solo dierft och net feelen.
Den Numm "Schlofardi" wier dem Jérôme Klein ze verdanken, dee sech e Spaass draus gemaach huet Fotoen op Tour ze maachen, wou de Pol Belardi geschlummert huet. "Ech hunn och decidéiert, datt op der Facebooksäit keng eng Foto vu mir drop ass, wou ech d'Aen op hunn".

Eege Samples produzéieren

Vu datt ee bei Samples meeschtens de Problem mat de Rechter huet, huet de Pol Belardi decidéiert seng eegen ze kreéieren. "Dat hunn ech am Fong nach ni gemaach. Et ass eng interessant Aart a Weis seng eegen Iddien op eng aner Aart a Weis ze betruechten."

Aus vereenzelten Opname, wou hie selwer Piano, Batterie a sëlleg Synthië spillt, géife sech Motiver erausschléissen, déi dann als Sample weiderverschafft kéinte ginn. "Et ass learning by doing, mee ech wollt einfach emol ee Stéck erausbréngen. Iergendwann sinn der vläicht genuch do fir eng kleng EP oder Album zesummenzesetzen." Fir de Moment wier hie frou e klengt Stéck Schlofardi mat de Leit ze deelen.

Wéinst de physeschen Aschränkunge opgrond vum Coronavirus hätt de Pol Belardi an e puer Kolleegen eng komplett Plattform op d'Been gesat, déi sech "Crazy Quarantine Sessions" nennt. "Live beieneen dierfe mir jo net méi. Eis Iddi war duerfir, datt een trotzdeem nach zesummen un eppes schafft. Datt een déi modern Moyene benotzt fir sech d'Tracks ronderëm ze schécken."

Dat géif da gefilmt a gedeelt ginn. Deemnächst ugekënnegt wieren d'Claire Parsons, de Sven Sauber an den Daniel Balthasar. D'Initiativ géif si als Museker beschäftegt a bei Laun halen. "Soss eben doheem raumen, entdecke wéi ee Brout baakt a Geméiszoppen akachen."