Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Berwick Street

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Michael McDonald - I Keep Forgetting

Sample vun der Woch

Michael McDonald - I Keep Forgetting

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

3 min

1982 koum dat heite Lidd eraus: "I Keep Forgetting" vum Michael McDonald. Dat war déi éischt Maxi vu sengem éischte Solo Album no der Trennung vun den Doobie Brothers a senger aler Grupp Steely Dan. Den Album huet "If That's What It Takes" geheescht.

De Michael McDonald ass den Erfinder vum Soft Rock Style oder méi sophistiquéiert Yacht Rock genannt. Den Titel ass eng Reinterpretatioun vum Chuck Jackson sengem "I Keep Forgetting". Et ass dem McDonald seng Schwëster, déi un de Backing Vocals ass, wärend de McDonald selwer sengt, Piano a Synthesizer spillt.

Déi aner Instrumenter goufe vun Membere vun der Grupp Toto gespillt, an zwar de Clavinet, d'Gittar an d'Drums, wärend d'Bassline vum Louis Johnson gespillt gouf. D'Lidd ass bewonnert an dacks gesampelt gi wéinst senge groovy Rhythmen a funky Stëmmen.

Eng vun deene bekanntsten Utilisatiounen ass warscheinlech vun deem heite Lidd: "Regulate" vu Warren G an Nate Dogg. Dat Lidd war fir d'éischte Kéier um Soundtrack vun "Above The Rim" ze fannen.

De Film koum 1994 eraus, et war e Basketball Film mam Tupac Shakur an enge vun den Haaptrollen. Kuerz drop war et dann och um Warren G sengem Album ze fannen "Regulate...G Funk Era". Den Warren G huet hei den Nate Dogg aka King Of Hooks ageluede fir den Refrain ze sangen.

Dat ganzt Lidd ass Story Telling vum Feinsten: De Warren G cruised duerch säi Quartier, Eastside Longbeach California, gëtt bal erschoss, gëtt gerett vum Nate Dogg, a ganz um Enn huele se e puer Frae mat an den Eastside Motel. De Warren G huet hei den G-Funk Style erfonnt, eng nei Ära laut. Dat Lidd war dee gréisste Succès fir hie selwer, den Nate Dogg an hire Label Def Jam. Si hunn absichtlech net op Death Row ënnerschriwwen, obwuel et de Label vum Hallefbrudder vum Warren G ass, den Dr. Dre. Esuguer ouni den Dre huet den Album dräifach Platin erreecht.

Eng aner Utilisatioun vum Sample war zum Beispill vum Jadakiss. Hien huet "Kiss Is Spittin" um Album "Kiss The Game Goddbye" erausbruecht. Jadakiss ass e Rapper vun der Grupp The Lox. De Beat ass produzéiert vu Swiss Beatz. E bëssen als Hommage un d'original Lidd huet den Jadakiss hei och den Nate Dogg um Refrain agelueden.

Elo geet et e bësse méi houseg weider mam Late Nite Tuff Guy. Hien nennt säi Lidd "Not In Love Anymore (LNTF Rework Of Michael McDonald)". Et geet hei ëm en Edit an net e Remix. En Edit ass, wann ee just original Elementer aus dem Lidd eraushëlt, bëssen nei arrangéiert an eventuell den Tempo verännert, esou wéi et hei de Fall ass.

An als lescht Interpretatioun vun dësem Lidd weisen hei de Bakmahn, säi Lidd heescht och "Not In Love Anymore". Hie mécht hei en traditionelle Syntwave oder Vaportwave Track doraus.