Pop MGMT: Tëschent Ofgrond a YOLO

Den amerikaneschen Duo MGMT war virun zéng Joer verantwortlech fir eng ganz Rei pecheg Teenie-Hymnen. Datt d'Lausbouwen et no zwee méi duerchwuessenen Albumen ëmmer nach drop hunn, stelle si mat "Little Dark Age" ënner Beweis. Hire psychedelesch ugehauchte Retro-Pop klëmmt engem ongehënnert an d'Ouer a suergt fir déi eng oder aner Iwwerraschung.

Vicky Stoll / cbi

mgmt.jpg

Mat hirer neier Plack "Little Dark Age" mellen MGMT sech zeréck. Déi zwee US-Museker zerwéiere sech mat enger grousser Louche an der musikalescher Zopp vun de 70er an 80er. Trotzdeem fanne si eng originell Mark, déi duerch den eklekteschen Zirkus duerchschéngt.

De Ben Goldwasser an den Andrew VanWyngarden hate sech et mat hire leschten zwou Placke gemittlech an der Nische vum queesche Weirdo-Pop gemaach. Gutt, dat si hirem Major-Label Columbia Records nach een Album schëlleg waren. Op "Little Dark Age" schénge si de Pop dës Kéier net mat hiren Texter ënnergruewen ze wëllen.

"TSLAMP" ass en Akronym fir "Time Spent Looking At My Phone". De Song ass eng Kritik un all deenen, déi ze vill Zäit domat verbëtzen, op hiren Handy ze glotzen. Musikalesch erënnert dëst Lidd mat senger Calypso-Atmosphär effektiv un eng Zäit, an där nach keen un en Telefon ouni Schnouer geduecht huet.

Zitater aus der Popgeschicht

Bal all Lidd evoquéiert iergendeng Gréisst aus der Popgeschicht - dëse Spagat ass kohärent a geet queesch duerch d'Museksgeschicht. Thematesch héiere mir psychedelesch mä lieblech Melodië mat enger Mëschung aus Kulturpessimismus an dionysescher Celebratioun vum Doud. Doduerch entsteet eng barock Atmosphär, déi tëschent Ofgrond a Liewesfreed balancéiert. Am Lidd "When You Die" kënnt trotz dem seichte Refrain eng besonnesch nihilistesch Vue op d'Welt vun haut zum Ausdrock. Dëse Paradoxon tëschent Form an Inhalt ass eng Charakteristik vum Album.

Den Titeltrack "Little Dark Age" ass dee konsensfäegste Song op der Plack. Mat sengem extrem pechege Refrain eventuell als Kommentar zum Weltgeschéien ze verstoen. MGMT haten 2008 mam spektakulären Album "Oracular Spectecula" op sech opmierksam gemaach: Déi euphoresch Hymnen "Kids" an "Time To Pretend" léise sécherlech och nach a 50 Joer Nostalgie-Knäll bei ville Mënschen aus.

Déi zwee Albumen no "Oracular Spectecular" ware méi duerchwuess. Mä mat "Little Dark Age" weisen MGMT, datt si et nach kënnen. Den Album ass kuerzweileg an en ënnerhält eis. Vläicht kënnt dat am Stéck "Days That Got Away" am beschten eraus. Eng gläichzäiteg spannend an entspanend Geschicht.

An der Mediathéik:

Album vun der Woch / / Vicky Stoll
Lauschteren

Méi zum Thema

Palm by Dylan Pearce
Komplizéiert awer accessibel

D'Band vu Philadelphia liwwert op hirer neier Plack sëllech verspillten Iddien. Dësen Art-Rock Quartett vu Philadelphia péckt immens vill Iwwerraschungen an hir Musek eran, ouni d'Musek z'iwwerlueden.

U.S. Girls
U.S. Girls

Den neien Album vun U.S. Girls huet et a sech. Déi amerikanesch-kanadesch Sängerin Meg Remy zervéiert sech am weibleche Pop-Repertoire a wiisst iwwert sech eraus. Clever verpéckt si subversiv Messagen.

Calexico
Album vun der Woch

De Western-Sound aus Arizona ass nach ëmmer do, mä d'Band variéiert méi an dediéiert hirem President e Lidd. Et erkennt een d'Band nach ëmmer erëm, mä d'Palett vun hirem Sound ass däitlech méi breet ginn.

Field Music
Album vun der Woch

Politeschen, modernen nord-engleschen Art Rock, deen awer eng Hëtzt vu sech gëtt, wéi wann en aus dem New Yorker Summer '84 wier. Dat ass den neien Disk vu Field Music "Open Here".

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen