Radioen

On air

Espresso Beats  |  Black Pumas - Gemini Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Keng Grimmel ze vill

Album vun der Woch

Keng Grimmel ze vill

An engem marokkanesche Restaurant a Kalifornien huet déi US-amerikanesch Folkmusekerin Jesca Hoop "Memories Are Now" opgeholl. Dëse fantasteschen Album, dee bei Subpop Records erauskoum, sollt ee sech net entgoe loossen.

auto_stories

3 min

(Foto: © Angel Ceballos)

Et si schonn zéng Joer zanter hirer éischter Plack "Kismet", an där d’Jesca Hoop hir originell Folk-Mëschung presentéiert huet. Op hirem fënneften Album "Memories Are Now" héiert een, wéi déi kalifornesch Musekerin, déi op Manchester geplënnert ass, sech entwéckelt huet. Et kann ee roueg soen, datt dës bis ewell hir stäerkste Plack ass.

Klang-Landschaften

D’Stécker si vu Minimalismus gepräägt. Et kritt ee keen Iwwerfloss vun Iddien ze héieren, alles ass genee sou, wéi et soll sinn, keng Grimmel méi. Der Jesca Hoop hir definéiert Stëmm an oppen Harmonië kréie genuch Plaz, sech ouni ze enk Strukturen z'entfalen. D'Lidder sinn hei mat delikater Hand geéiert a verschafft ginn.

Et ass ëmmer nees erfrëschend ze héieren, wéi mat wéinegen Elementer grouss Klang-Landschaften entstoe kënnen. "Memories are now" gëtt vu raimlecher Stëmm a Gittare geleet, heiansdo daucht ee Synthi-Bass op, fir dem Stéck eng expressiv Déift ze ginn. Oder och verschidden perkussiv Elementer, déi dat ganzt zréckhalend begleeden.

Zesummenaarbecht vun zwee Talenter

"Memories Are Now" huet villes dem Blake Mills ze verdanken. D'Gittarewonner vu Malibu ass fir d'Drëtt op enger Jesca Hoop Plack ze héieren. Hir musikalesch Frëndschaft ass geräift, béid Talenter komplimentéiere sech a wësse mateneen ëmzegoen.

De Blake Mills schéngt um Wee ze sinn, ee vun de grousse Produzenten ze ginn. An der lescht huet hien Albume vum Jim James, Alabama Shakes an John Legend produzéiert. Déi nei Laura Marling Plack "Semper Femina", déi den 10. Mäerz verëffentlecht gëtt, gouf och vum Blake Mills veraarbecht.

Restaurant-Akustik

Als Produzent huet hien och der Jesca Hoop hirem neien Disk eng kloer Klang-Gestaltung ginn. "Memories Are Now" ass an engem marokkanesche Restaurant zu Oxnard a Kalifornien opgeholl ginn. Nodeems déi zwee sech do un engem Couscous erfreet hunn, ass hinnen déi besonnesch Akustik am Raum opgefall. Ideal fir ee klengen Album opzehuelen. Während enger gudder Woch sinn all Dag 60 Mikroen op- an ofgeriicht ginn. Owes hat de Restaurant weider seng Dieren op.

D'Kläng déi op "Memories Are Now" ze héiere sinn, goufe mat Kierper a Séil verschafft. Wéi di fett Telecaster déi kleng kompriméiert Akzenter um Titel "The Lost Sky" sëtzen oder och déi mat Vibrato a Verzerrung gelueden Harmonien um leschte Stéck "The Coming". De Raum héiert een iwwerall matschwéngen. Der Jesca Hoop hir Stëmm schléngelt sech duerch dëst Labyrinth vu sechs-säitege Kreatiounen, an dominéiert dobäi dat Ganzt.

Biographesch Themen, präzis Ëmsetzung

Op der astronomescher Ballad "Pegasi" héiert een de Greg Leisz op der Pedal Steel. Um rockegen Titel "Cut Connection" spillt d'Fiona Apple eng verzerrte Mundharmonika. Soss stiechen nëmmen d'Jesca Hoop an de Blake Mills hannert de Stécker. An dat geet eleng schonn duer.

Thematesch huet sech d'Jesca Hoop an hiren Texter mat hirer mormonescher Vergangenheet, dem Verloscht vu Kontroll an engem digitalen Zäitalter an onerwënschte Partner auserneegesat.

"Memories Are Now" ass een Album, deen duerch detailléiert Arrangementer d'Lidd éiert an op där eng selbstbewosst an aussergewéinlech Stëmm an der moderner Folkzeen ze héieren ass.